Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reaktiounen op d'Wahlresultat

Europawahlen 2019

Reaktiounen op d'Wahlresultat

D'EVP an d'Sozialdemokraten kënne keng Majoritéit méi am EU-Parlament stellen. Bei der EVP wëllt ee weiderhin op Kontinuitéit setzen. Fir den Frans Timmermanns, Spëtzekandidat vun de Sozialdemokraten, sinn awer elo Ännerungen néideg.

auto_stories

4 min

D'EVP bleift zwar stäerkste politesche Grupp am EU-Parlament, huet awer vill Abéisse bei de Sëtz misste verkraaften. Fir d'Europäesch Vollekspartei wier de Wahlsonndeg dofir keen Dag vun der Victoire gewiescht, seet de Manfred Weber.

De Spëtzekandidat vun der EVP seet, et wier een zwar frou fir de stäerkste Grupp ze sinn, mee et géif een awer och gesinn, datt een e Sëtz verluer huet. "Ech hu während der Campagne Stabilitéit versprach. Ech hu gesot, wann Dir d'EVP wielt, da kritt dir Stabilitéit."

De Manfred Weber huet zu Wildenberg seng Stëmm ofginn. Foto:picture alliance / Photoshot

Sozialisten & Demokraten: Ännerunge sinn néideg

Fir de Frans Timmermans, Spëtzekandidat vun der Allianz vu Sozialisten an Demokraten, ass d'Stabilitéit awer net d'Prioritéit. Fir hie wier d'Wahlresultat en Zeechen, datt d'Wieler Ännerungen an Europa wëllen:

"De Status Quo erhalen, ass net wat Europa brauch. Ech wëll eng progressiv Majoritéit am Parlament fanne fir dat ëmzesetzen, wat d'Leit sech erwaarden. An da ka mat jiddwerengem sinn, jiddwereen, dee versteet, wéi eng Äntwerte mir liwwere mussen, wéi eescht d'Klimakris ass, an dee bereet ass, do déi néideg Mesuren ze huelen. Ech kéint dat mat jiddwerengem, ausser mat den extrem rietse Parteien. Mee d'Prioritéit ass, eng Majoritéit an e Programm fir déi nächst fënnef Joer ze fannen."

De Frans Timmermans huet nach betount, hie wier dem Poste vum EU-Kommissiounspresident net ofgeneigt, mee no dësem Wahlresultat misst ee modest bleiwen. D'Prioritéit wier elo eng Koalitioun ze fannen, eréischt duerno sollt een iwwer d'Besetzung vun der EU-Kommissioun decidéieren.

Marine le Pen: Macron muss Konsequenzen zéien

Eng rietspopulistesch, nationalistesch an euroskeptesch Fraktioun ass déi véiertstäerkste Kraaft am neien Europaparlament ginn. Zur neier "Allianz vun de Vëlker an Natioune" gehéieren nieft der italienescher Lega och déi däitsch AfD an de franséische Rassemblement National vun der Marine le Pen, déi sech geéiert fillt duerch dat Vertrauen, dat d'Fransousen hinnen als éischt Partei geschenkt hätten, "virun allem och als Mouvement vum nächste Regierungswiessel".

Fir d'Marine le Pen ass kloer: Den Emmanuel Macron muss Konsequenzen zéien: Foto: picture alliance / NurPhoto / Elyxandro Cegarra

"De President vun der Republik muss d'Konsequenzen aus dësem demokrateschen Desaveu zéien. Hien huet seng perséinlech Glafwierdegkeet selwer an d'Spill bruecht, andeems hien aus der Wahl ee Referendum iwwer seng Politik a seng Persoun gemaacht huet", esou d'Marine le Pen.

gréng: Zefridden iwwer Resultat

De Succès vun deene Gréngen a ville Länner huet hir europäesch Spëtzekandidatin Ska Keller mat enger Wahlcampagne erkläert, déi sech op Klimaschutz, Biodiversitéit, Grondrechter a sozial Gerechtegkeet konzentréiert hätt. Dat wieren d'Themen, déi de Wieler Suerge maachen - a laanscht déi d'Europaparlament elo net méi kéim.

lénk: Mat "progressive" Kräften diskutéieren

Déi lénk Fraktioun am Europaparlament verléiert Stëmmen a Sëtz: "Mir kruten net d'Resultat, dat mir eis erhofft haten", esou de Spëtzekandidat vun der europäescher Gauche, de Belsch Nicolas Cué. Seng Fraktioun wier bereet eng Koalitioun vu "progressive" Kräften am Europaparlament ze ënnerstëtzen, wann déi richteg Akzenter gesat ginn. Notamment eng méi ambitiéis a contraignant europäesch Sozialpolitik. Et wier ee bereet mat jiddwerengem ze diskutéieren, dee konkret Propose géif maachen. "An da gesi mir, op wat mir um Enn vun deenen Diskussiounen erauskommen."


D'Sëtzverdeelung am neien Europaparlament