Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberwahlen 2018

Joresréckbléck

Chamberwahlen 2018

D'Dräierkoalitioun vun DP, LSAP an déi gréng kann no de Chamberwahlen 2018 viru regéieren: dat war fir déi meescht Observateuren eng grouss Iwwerraschung. D'CSV koum - anescht wéi allgemeng erwaart - net zeréck un de Pouvoir.

auto_stories

6 min

An der neier Chamber hunn DP, LSAP an déi gréng zesummen nëmmen nach 31 vun den am ganze 60 Sëtz - ee Sëtz manner wéi an der Legislaturperiod virdrun. Déi 29 Sëtz vun der Oppositioun verdeele sech elo op véier Parteien: d'CSV, d'ADR, déi Lénk an d'Piratepartei: déi lescht genannte Partei ass eng éischte Kéier um Krautmaart vertrueden.

DP: "Regierung gouf bestätegt"

Den DP-Spëtzekandidat Xavier Bettel huet um Wahlowend festgestallt, datt d'Regierung vum Wieler bestätegt gi wier. Hie mengt, datt "mir e kloert Mandat och kritt hu vum Wieler fir weider déi nächst fënnef Joer Verantwortung an der Regierung ze hunn".

Wann een eng Majoritéit behält, dann huet ee sécherlech näischt falsch gemaach: dës Analys huet den DP-Generalsekretär Claude Lamberty no de Chamberwahlen 2018 gemaach. déi gréng wieren de grousse Gewënner vun den dräi Parteien, mee de Claude Lamberty ënnersträicht, datt DP-LSAP-déi gréng en Majoritéit vun 31 Sëtz hätt, an dofir kéint ee sech "zesummen un den Dësch setzen an doriwwer schwätzen, wéi een d'Zukunft vum Land ka preparéieren."

déi gréng: "En historesche Wahlerfolleg"

D'Demokratesch Partei, grad wéi d'LSAP, hu bei de Wahlen zesumme véier Sëtz verluer. Nëmmen duerch de Plus vun dräi Sëtz fir déi gréng koumen déi dräi Parteien nach op eng Majoritéit an der Chamber.

De Wahlowend war immens spannend, besonnesch well ee Reschtsëtz am Süden laang gewackelt huet. Fir de François Bausch war et am Laf vum Wahlowend awer kloer, datt de Plus vun dräi Sëtz "een historesche Wahlerfolleg" fir déi gréng wier, an "d'Leit hätte gär déi gréng weider an der Regierung".

déi gréng Spëtzekandidatin am Oste Carole Dieschbourg huet méindes moies no de Wahle festgestallt: "Mir sinn de grousse Wahlgewënner mat dräi Sëtz plus, an ech mengen dat bestätegt eis an der Aarbecht. Et bestätegt och, datt Theme wéi Mobilitéit, Ëmwelt, Klima de Leit hei zu Lëtzebuerg um Häerze leien."

LSAP: Historescht schlecht Resultat

Een historescht schlecht Resultat gouf et de 14. Oktober fir d'LSAP: d'Partei huet nëmmen nach zéng Sëtz. Den Alex Bodry gëtt zou, datt d'Dräierkoalitioun zwar ee Sëtz verluer huet, "mee stëmmeméisseg huet d'Koalitioun méi Stëmmen, wéi se nach viru fënnef Joer hat."

Och den LSAP-Spëtzekandidat Etienne Schneider huet ënnerstrach, datt d'Koalitioun vu bis elo bei de Wahle bestätegt gi wier. Si wier net ofgewielt ginn, d'Sëtz hätte sech an der Koalitioun e bësse verréckelt. "D'DP huet e bësse verluer, mir hunn e bësse verluer, an déi gréng hunn dat erëm gutt gemaach." Et misst ee kucken, ob ee sech eens géif gi fir weiderzemaachen, esou de Constat vum Etienne Schneider.

CSV: Weider an der Oppositioun

Der CSV ass et bei de Chamberwahlen 2018 net gelongen, datt déi dräi Regierungsparteien DP, LSAP an déi gréng manner wéi 31 Sëtz kréien: fir déi Chrëschtlech-Sozial war et e Minus vun zwee Sëtz. Mat nëmmen nach ronn 28 Prozent vun de Stëmme war et fir d'CSV dat schlechtste Resultat iwwerhaapt.

Grad wéi 2013 gouf 2018 erëm net offiziell mat der CSV geschwat. De Spëtzekandidat Claude Wiseler seet an der Nuecht no de Chamberwahlen, datt d'CSV ëmmer erëm an der ganzer Wahlcampagne gesot hätt, datt wann d'Koalitioun op 31 Sëtz géif kommen, da géife si och weiderfueren. Et géif elo och an déi Richtung ze goen. "Ech fannen et net normal, datt mat der gréisster Fraktioun, der gréisster Partei hei einfach d'Dieren zougemaach ginn an net geschwat gëtt."

Den CSV-Parteipresident Marc Spautz huet eng méi grouss Zersplitterung vun der Parteie-Landschaft och hei am Land festgestallt. D'Volleksparteie wieren am gaangen ofzehuelen, dat géif een net nëmmen zu Lëtzebuerg feststellen, mee och am Ausland. "Dat ass och e Phänomen, deen hei zu Lëtzebuerg net Halt mécht." Dat wier och eng Erklärung, wisou déi kleng Parteie géife bäileeën.

ADR: "Mir goufe gestäerkt"

Den ADR-Politiker Gast Gibéryen huet sech relativ zefridde mam Wahlresultat vu senger Partei gewisen: d'ADR huet sech vun dräi op véier Sëtz verstäerkt:

"Mir hunn an deene véier Bezierker prozentual bäi gewonnen. Mir hunn ee Sëtz bäi gewonnen. Mee ech verheemlechen net, datt mir frou gewiescht wieren, wa mir och am Osten eise Sëtz erëmkritt hätten. Dat ass eis op e puer honnert Stëmmen anscheinend net gegléckt. Dat wier d'Kiischt um Kuch gewiescht."

Piratepartei: Fir d'éischte Kéier an der Chamber

Fir eng grouss Iwwerraschung bei de Chamberwahlen huet d'Piratepartei gesuergt: d'Partei huet zwee Sëtz kritt. De President Sven Clement seet, datt een och mat manner zefridde gewiescht wier.

"Mir sinn elo ganz frou, datt mir den zweete Sëtz stabiliséiert hunn. Domadder kann een an der Chamber dann natierlech och vläicht mat aner klengen Oppositiounsparteien déi néideg Propositions de loi maache fir eben esou strukturell Ännerungen ze bréngen", esou d'Analys vum President vun der Piratepartei.

déi Lénk: "Et huet un der Vermëttlung gehapert"

déi Lénk si bei de Wahle bei hiren zwee Sëtz bliwwen. Näischt hätt op de Verloscht vun der CSV an op de Gewënn vun der Piratepartei higedeit, huet de lénke Politiker Marc Baum betount.

Hie mengt awer net, datt d'Piratepartei méi radikal gewiescht wier wéi déi Lénk. "Ech mengen, datt wann een eng 32-Stonnewoch freet, an eng Mindestlounerhéijung vun 20 Prozent, datt et net um Radikalismus feelt, mee datt et vläicht un der Vermëttlung gehapert huet bei eis."

Koalitiounsverhandlungen

Zwee Deeg no de Chamberwahle gouf de Xavier Bettel vum Grand-Duc als Regierungsformateur genannt. D'Koalitiounsverhandlungen hunn de 17. Oktober ugefaangen: während dëse Verhandlunge war zu den Inhalter offiziell nëmme wéineg gewuer ze ginn. Ëmmer erëm gouf een dorobber verwisen, datt een eréischt no de Negociatioune géif informéiert ginn.

Ofgeschloss goufen d'Koalitiounsverhandlungen Enn November: de Koalitiounsaccord gouf dono presentéiert, signéiert a vun de Parteigremie vun DP, LSAP an déi gréng gutt geheescht. De 5. Dezember goufen déi 17 Ministere vun der neier Regierung am Palais vereedegt.