Radioen

On air

De Moien  |  Presserevue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regroupement familial, nächst Erausfuerderung?

Bilan Flüchtlingskris

Regroupement familial, nächst Erausfuerderung?

Knapp 2.000 Mënschen hunn dëst Joer hei am Land eng Asyldemande gestallt, liicht manner wéi nach zejoert. Déi meescht Flüchtlinge koumen aus Syrien. Europawäit ass d'Zuel vun de Flüchtlingen zeréck gaangen am Verglach mam Héichpunkt vun der Flüchtlingskris 2015. An awer sinn sech d'EU-Memberstaaten net eens ginn, fir dës Mënschen ënnert eneen opzedeelen.

auto_stories

5 min

Flüchtlinge kommen op der griichescher Küst un (Foto: Bigstock/Anjo Kan)

D'EU-Kommissioun hat d'lescht Joer proposéiert, fir bis zu 100.000 Flüchtlingen, déi a Griicheland oder Italien ukomm waren, op aner EU-Memberstaaten ze verdeelen. Vill vun deenen hu sech wéineg oder guer net un deem System bedeelegt. De liberalen Europadeputéierte Charel Goerens hat gefuerdert, den Undeel vun all EU-Land op 0,2% vun der eegener Populatioun ze fixéieren.

Hien huet kee gutt Hoer u Länner gelooss, déi keng Flüchtlinge bei sech wollten ophuelen. "Mir sinn de Moment an enger Situatioun dran, wou mer duerch déi 28 verschidde Politiken eng Stee hunn no ënnen: wie behëlt sech am degoûtantste vis-à-vis vun de Flüchtlingen, fir keng brauchen opzehuelen a fir datt déi Laascht vun all deenen anere muss gedeelt ginn?" De Charel Goerens huet keen anert Mëttel gesinn, wéi eng obligatoresch Relokalisatioun vun de Flüchtlingen.

"Spéitstens viru Geriicht wäerten all dës Usäz scheiteren"

Ee weidere System fir d'Relokalisatioun vun de Flüchtlingen, déi Kéier direkt aus der Tierkei, gouf am Mäerz op engem Sommet zu Bréissel decidéiert. D'Ofkommes tëschent Bréissel an Ankara gesäit vir, dass all Flüchtling, deen illegal a Griicheland ukënnt, nees zeréck an d'Tierkei geschéckt gëtt. Am Géigenzuch sollt D'EU den Tierken ee syresche Flüchtling op legalem Wee ofhuelen. Den Accord gouf allerdéngs vun Ufank u kritiséiert. "Spéitstens virum EU-Geriichtshaff oder dem Europäesche Mënscherechts-Geriichtshaff wäerten all dës Usätz scheiteren", seet den Heinz Patzelt vun Amnesty International Éisträich. De Problem wier, datt dat ee bis zwee Joer dauert - an der Tëschenzäit géif géint Mënscherechter verstouss ginn.

Am Kader vum EU-Tierkei-Accord si bis ewell 260 Syrer hei am Land opgeholl ginn. Si kruten de Flüchtlingsstatut direkt accordéiert. Déi aner ronn 2.000 Flüchtlingen, déi zejoert ukomm sinn, hunn eréischt no hirer Arrivée eng Asyldemande gestallt. D'Prozedur däerf am Ganze sechs Méint daueren. Bei engem groussen Afflux gëtt et awer eng Ausnameregelung vu bis zu 21 Méint. Well d'Zuel vun den Asyldemandeuren an deene leschte Joren eropgaangen ass, musse vill Flüchtlingen och zu Lëtzebuerg méi laang waarde wéi virgesinn. "Et geet net drëm, dass jidderee bleift, bei der Asylprozedur soll erausfonnt ginn, wie bleiwe kann", erkläert d'Katya Andrusz, Spriecherin vun der Europäescher Agence fir d'Grondrechter. Dat am Respekt vun de Mënscherechter, dat heescht, datt se an adequate Strukturen ënnerbruecht wieren.

Problemer mam Sécherheetspersonal

D'Liewensbedingungen an dësen Infrastrukture sinn allerdéngs net ëmmer einfach. Verschidde Flüchtlingsheemer hunn, beispillsweis, keng eege Kichen. Ween do wunnt kann sech net dat kachen, wat e gewinnt ass z'iessen. Des weidere sollen et och alt Problemer mam Sécherheetspersonal gi sinn. Sou erzielt beispillsweis de Farez Rami, wéi hien am Foyer Lily Unden dru gehënnert gi wier, senge Kanner e Stéck Brout sichen ze goen. "Do hat ech Gefill e Papp ze sinn, deen et net fäerdeg bréngt, senge Kanner e Stéck Brout fir den Owend ze besuergen".

Iwwert déi allgemeng Situatioun an deene verschiddene Foyeren sot d'Ombudsfra Lydie Err Enn September: "Et ginn der, déi super gutt sinn. Et ginn der, déi mëttelméisseg sinn. An et sinn der dobäi, déi guer net gutt sinn. Mee et ass net esou, wéi wann déi Responsabel dat net géife wëssen". Op deene Foyeren, déi ze wënschen iwwreg loossen, géif geschafft ginn. Dat wichtegst wier awer, sou d'Lydie Err, den Encadrement vun de Leit, déi an deene Strukture wunnen.

"Ech hoffen, datt mer jo soen"

Eng aner Schwieregkeet ass d'Ouverture vun engem Foyer fir Flüchtlingen. Dat weist d'Beispill vum Containerduerf zu Stengefort. Do sollt uganks Plaz fir 300 Leit entstoen. Wéinst dem Widderstand vun der Biergerinitiativ "Kee Containerduerf am Duerf" gouf de Bau awer gestoppt. Um Enn sollen zwar 300 Flüchtlingen op Stengefort kommen, allerdéngs just 100 an d'Containerduerf. Déi aner 200 sollen an anere Wunnengen ënnerkommen. "Mir wëllen hëllefen", sot de Stengeforter Buergermeeschter Jean-Marie Wirth. "Mir waarden elo mol op déi juristesch Schrëtt, déi passéieren. Ech waarden och op de Minister". Et misst een nach den Inventaire maache vu méi klenge Strukturen, wéi beispillsweis Appartementer, déi ee kéint notzen.

Et geet awer net nëmmen drëms, den Asyldemandeuren en Dag iwwer dem Kapp ze garantéieren. D'Famillje sollen och nees zesumme bruecht an d'Leit esou gutt ewéi méiglech integréiert ginn, iwwert d'Aschoulung vun deene Jonken, a fir déi Erwuessen iwwert d'Aarbecht. "Wéi kënne déi Leit och schaffe goen, datt och d'Lëtzebuerger dat akzeptéieren an och gekuckt gëtt, datt d'Lëtzebuerger och hir Aarbecht hunn?", sou de Paul Galles, Coordinateur vu "Young Caritas". D'Familljen zesummeféiere wier eng besonnesch Erausfuerderung, well dann nach weider Leit op Lëtzebuerg géife kommen. "Ech hoffen, datt mer jo soen".

Zënter den "EU-Tierkei-Deal" am Abrëll a Kraaft getrueden ass si vill manner Flüchtlingen an der Europäescher Unioun ukomm. Wéinst Tensiounen tëschent béide Vertragspartner steet den ëmstriddenen Accord allerdéngs op der Kipp.