Déi britesch Premierministerin hat en Delai bis Enn Juni gefrot. Dat hunn déi 27 EU-Staats- a Regierungscheffen awer refuséiert. Et war ee sech eens, datt wann den Datum vum Brexit no deem vun dem Europawahle läit, d'Briten och missten Europawahlen organiséieren.
Dowéinst gouf den 22. Mee als Datum zeréckbehalen, awer just fir de Fall, wou dat britescht Parlament dem Brexit-Accord unhëlt. Den 11. Abrëll ass dee lescht méiglechen Datum, wou d'Briten organisatoresch nach kéinten Europawahlen organiséieren.
Wéi eng Optioune sinn elo méiglech? A wéi eng sinn am wahrscheinlechsten?
Lauschtert d'Gespréich mat der EU-Korrespondentin Danièle Weber. An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.