Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Réckbléck op eng politesch Karriär

Eugène Berger

Réckbléck op eng politesch Karriär

Mat 33 Joer ass den Eugène Berger als "Quereinsteiger" an d'Politik gaangen. Hie selwer huet sech als ee progressiven "Öko-Liberale" bezeechent. Den 21. Januar ass den Eugène Berger am Alter vun 59 Joer gestuerwen.

auto_stories

3 min

Den Eugène Berger huet säi Wee an d'Politik mat 33 Joer fonnt, wéi de Grondschoulsenseignant der Demokratescher Partei bäigetrueden ass. Just éier hien dunn am Juni 1994 eng éischte Kéier mat an d'Chamberwale goung. Mee de jonke Mann war keen onbekannt Gesiicht: D'Leit hunn hien 1992 kennegeléiert, als den éischte Lëtzebuerger Alpinist, deen et op de Sommet vum Mount Everest gepackt hat.

Domadder hätt hie sech een Dram erfëllt, an d'Politik wier dunn een "neien Defi" gewiescht, esou den Eugène Berger am Februar 2008 an der Emissioun "Riicht eraus". Bei de Walen 1994 ass him dunn op der DP-Südlëscht direkt de Sprong an d'Chamber gelongen.

Een "Ökoliberalen"

No sengem Succès um Mount Everest wieren eng ganz Rei Parteien un hien erugetrueden. Hien hätt sech fir d'DP entscheet, well hie besonnesch a gesellschaftspolitesche Froe "ganz liberal a fortschrëttlech denkt". Mat sengen ëmweltpoliteschen Iwwerzeegungen hätt hien och bei déi Gréng gepasst, mee dat wier deemools nach ee bëssi een "zerstriddene Grupp" gewiescht, huet den Eugène Berger 2008 am 100,7-Interview mat engem Laache gemengt. Hie géif sech als "Ökoliberale" bezeechnen.

Fir Blo-Rout-Gréng

Bei de Chamberwalen 2004 ass den Eugène Berger net erëmgewielt ginn. Am Dezember 2007 ass hien dunn awer nogeréckelt, wéi den Henri Grethen Lëtzebuerger Vertrieder beim Europäesche Rechnungshaff gouf. Kuerz drop, wéi d'Chamber am Februar 2008 d'Euthanasie-Gesetz an engem éischte Vott géint d'CSV ugeholl hat, sot den DP-Politiker 2008 a Riicht eraus: "Hei huet sech op eng natierlech Aart a Weis eng Koalitioun gebilt, wou d'CSV net dobäi ass."

Hie kéint sech ganz gutt virstellen, datt och eng Dräierkoalitioun tëschent DP, LSAP a Gréng eng Kéier méiglech wier, sot hien deemools, fënnef Joer éier et effektiv zu esou enger Koalitioun komm ass. Grad a gesellschaftspolitesche Froen - wéi zum Beispill vum Mariage fir gläichgeschlechtlech Koppelen, bei der Adoptioun an der Integratioun vun Auslänner - wier mat der CSV kee Fortschrëtt méiglech.

Bildungs- a Klimapolitik

1995 huet den deemolegen Oppositiounspolitiker Eugène Berger seng éischt Gesetzpropositioun an der Chamber deposéiert. Hei huet hie proposéiert, fir de Schülercomitéen eng legal Basis ze ginn an doduerch ze garantéieren, datt an alle Lycéeën esou ee Comité misst existéieren. Et ass net zu enger Ofstëmmung iwwer den Text komm.

Trotz sengem Interessi fir d'Educatiounspolitik ass den Eugène Berger 1999, wéi hie Staatssekretär gouf, net an den Educatiounsministère bei d'Anne Brasseur komm, mee an d'Ëmwelt bei de Charel Goerens. D'"Back to basics"-Reformproposë vun der Anne Brasseur huet den Eugène Berger spéiderhin dacks kritesch kommentéiert.

Wéi hien tëschent 1999 an 2004 Staatssekretär am Ëmweltministère war, stoung d'Klimapolitik uewen op der Agenda, wéinst dem Kyoto-Protokoll. Am Mee 2000 leet d'CSV-DP-Regierung hir national Strategie fir d'Reduktioun vun den Zäregasemissiounen ëm 28 Prozent bis 2010 vir. Decidéiert goufen doropshin ënner anerem Subventiounsprogrammer fir d'erneierbar Energien.

Fraktiounschef

No de virgezunnen Neiwale vun Oktober 2013 ass den Eugène Berger DP-Fraktiounschef ginn. An där Legislaturperiod war hien ënner anerem 2014 Budgetsrapporter a Rapporter vun der Geheimdéngschtreform, déi an der Suite vum SREL-Skandal ënnerholl gouf.

Am Oktober dëst Joer sollt den Gilles Baum d'Fraktiounspresidence vum Eugène Berger iwwerhuelen.


Den Eugène Berger war am Laf vu senger Karriär reegelméisseg Gaascht am Studio vum radio 100,7. Eng Auswiel aus eisen Archiven: