Radioen

On air

Resonanzen  |  Fun! Mam OCL

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Réckzuch Plainte keng Géigeleeschtung fir Ënnerschrëft"

LCGB-President iwwer Cargolux-Kollektivvertrag

"Réckzuch Plainte keng Géigeleeschtung fir Ënnerschrëft"

De Patrick Dury dementéiert, datt seng Gewerkschaft de Kollektivvertrag bei der Cargogesellschaft ënnerschriwwen huet nodeems d'Direktioun ugebueden hätt eng Plainte wéinst Schuedenersaz falen ze loossen. Wéi mer den 18. Dezember bericht haten, gëtt esou en Deal an enger e-mail vum Generaldirekter Dirk Reich un de Patrick Dury, déi eis virläit, ugebueden.

Michel Delage

auto_stories

3 min

Patrick Dury

"D'Ënnerschrëft zum Kollektivvertrag bei der Cargolux hat u sech näischt mat deem Element ze dinn, wat Dir do uschwätzt", sot den LCGB-President am 100,7-Interview. Vun der Cargolux-Direktioun hätt een d'Schafung vun enger Commission paritaire versprach kritt. Des weidere wier et Zousécherunge ginn a Bezuch op déi verlängert Fluchzäite fir Piloten. Fir den LCGB géif sech hei d'Fro vun der Sécherheet stellen. Wa Problemer géifen entstoen, wier ee sech eens ginn "dat 'en cours de route' riicht ze béien", sou de Patrick Dury. "Dat huet eis erlaabt dëse Kollektivvertrag z'ënnerschreiwen a soss näischt anescht".

Eng Schuedenersazfuerderung no der LCGB-"Warnaktioun" vum Juli 2015 wier "ni deposéiert ginn". Jiddefalls wier een neit Streikrecht néideg. Et sollt an Zukunft méi einfach gi fir ze streiken, sot de President vum Chrëschtleche Gewerkschaftsbond.

"Dat Gestreits ass net gutt"

No de laange Verhandlungen ëm een neie Kollektivvertrag huet de Patrick Dury festgestallt, "datt mer natierlech bei der Cargolux d'Personal haut gespléckt hunn". D'Bordpersonal, dat gréisstendeels vum LCGB vertruede gëtt, hätt staarkt Vertrauen a seng Gewerkschaft. Beim Buedempersonal wier eng Situatioun, "datt een haut feststelle muss, datt allgemeng d'Cargolux gespléckt ass". Dat wier "net eis Intentioun gewiescht, do musst Der aner Leit froen, déi dat hei gemaach hunn". Un d'Konkurrenzgewerkschaft ass et de Virworf, datt "d'Kollege vum OGBL keng Ahnung hu wat d'Aarbechtszäite vun de Piloten ugeet, si verstinn deen Dossier hei net". Oder "et wollt een hei dem LCGB schueden".

Mat sengem Homolog vum OGBL André Roeltgen hätt een Dossieren, "wou et gutt geet, anerer, wou et schlecht geet". Wat Bestriewunge fir eng Eenheetsgewerkschaft betrëfft, déi den OGBL verdeedegt, mengt den LCGB-President: "et geet net ëm eng Eenheetsgewerkschaft, hei ass d'Iddi vun enger eenzeger Gewerkschaft hei am Land". "Dat Gestreits ass net gutt", sou de Patrick Dury.

Soziale Volet vun der Regierung: "nach vill Loft no uewen"

Als wichtegen Dossier dëst Joer stéing déi geplangte Steierreform un. D'Fuerderunge vum LCGB: d'Upassung vum Barème un d'Inflatioun, d'Steierfräiheet fir de soziale Mindestloun, een Offlaache vun der Progressioun, d'Schafung vun enger bis zwou neie Steierklassen. Des weidere fënnt de Chrëschtleche Gewerkschaftsbond d'Steierklass 1A fir allengerzéihend Elteren ongerecht.

Zur Reform vum Kannergeld stéing de Patrick Dury "éischter negativ",  well se eng Verschlechterung fir Famillje mat méi Kanner géif bedeiten. Et géif un engem Mechanismus feele fir de Montant un d'Lounentwécklung unzepassen. Wann ee keng deementspriechend Formel géif fannen, da kéim een net dolaanscht fir d'Kannergeld nees z'indexéieren. D'Relatioune mat all de Regierunge wieren ëmmer "um Dossier definéiert". Bei der aktueller Regierung geséich de Patrick Dury, wat de soziale Volet betrëfft, "nach vill Loft no uewen".

De Patrick Dury war Invité beim Mick Entringer: