Referendum: politesch oder juristesch bindend?

De Verfassungsjurist Luc Heuschling stellt a Fro, dass de Verfassungsreferendum vum 7. Juni ee consultative Charakter huet. Opgrond vun der Gesetzeslag a vun der Verfassung misst een dervun ausgoen, dass de Referendum juristesch bindend ass. 1919 wéi den Artikel iwwer de Referendum an d’Verfassung ageschriwwe gouf, war et d’Intentioun vun der Chamber fir béid Zorte Referendum z’erméiglechen: de consultativen an deen decisionnellen. De Staatsrot géif dat ignoréieren, sou d’Kritik, déi de Chercheur vun der Uni Lëtzebuerg rezent an engem Virtrag beim Institut Grand-Ducal formuléiert hat. Den Text vum Virtrag soll deemnächst publizéiert ginn.

D'Fraktiounspresidente vun LSAP an CSV sinn hirersäits der Meenung, dass de Referendum vum 7. Juni eendeiteg consultativ ass. Prinzipiell ass den Alex Bodry zwar mat der Analys vum Luc Heuschling averstan, datt d’Verfassung op dësem Punkt ambigu ass. Déi majoritär Interpretatioun wier awer, dass just beim zweete Vote iwwert eng Verfassungsreform kënnen decisionnel Referenden organiséiert ginn, fir all aner Situatiounen géif et just d'Instrument vum consultative Referendum ginn. Bei der aktueller Reform vun der Verfassung géif den entspriechenden Artikel méi eendeiteg formuléiert gi fir ze klären, dass souwuel consultativ wéi och bindend Referende kënnen organiséiert ginn. Den CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler seet dozou, a sengen Aen wier d'Verfassung kloer.

De Luc Heuschling weist och drop hinn, dass verschidde Parteien sech den Ament anescht zur Valeur vun engem consultative Referendum positionéieren, wéi nach 2005 beim Referendum iwwert een europäesche Verfassungsvertrag. Deemools hätten all d’Parteien et als evident bezeechent, datt d’Resultat politesch bindend ass. D’ADR an d’CSV vertrieden des Kéier keng sou eendeiteg Positioun. Den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry seet, hie géif dat bedaueren. De Claude Wiseler seet, den Ënnerscheed wier, datt 2005 iwwert ee präzise gesetzlechen Text ofgestëmmt gouf. Bei den dräi Froen, déi am Juni gestallt ginn, wier dat anescht.

Den Interview vum Pia Oppel mam Luc Heuschling:

 

Den Interview mam LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry:

 

Den Interview mam CSV-Fraktiounschef Claude Wiseler:

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen