Referendum iwwer d'Auslännerwahlrecht: Chamber decidéiert eleng

D’Chamberinstitutiounskommissioun huet haut decidéiert, datt se de "Lead" iwwerhëlt am Dossier Verfassungsreferendum, sou de President vun der Kommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry op Nofro hinn. An enger Reunioun tëscht him, dem Staatsminister Xavier Bettel an dem Justizminister Felix Braz wier dat och esou ofgemaach ginn. D’Chamber decidéiert deemno eleng, wéi eng Froen an deem konsultative Referendum gestallt a wéi des Froe formuléiert ginn.

Datt d’Bierger iwwert d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht befrot ginn, schéngt nees méi wahrscheinlech: fir d’Majoritéitsparteie géif a sengen Aen de Koalitiounsaccord gëllen, sou den Alex Bodry. D'Diskussioun wier "oppen" notammant wat d'Formulatioun vun de Froen ugeet, an et kéinte eventuell nach Froen dobäi kommen.

De Justizminister hat de Referendum iwwert d’Auslännerwahlrecht rezent vun engem méiglechst breede Konsens och mat der Oppositioun ofhängeg gemaach.

Den Interview vum Pia Oppel mam LSAP-Fraktiounschef:

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen