Reform "Directive Détachement"

D’europäesch Aarbechtsministeren hunn gëschter een Accord fonnt fir d’sougenannt “Directive Detachement” ze modifiéieren. Validéiert d’EU Parlament dësen Accord, da sinn an Zukunft méi streng Kontrollen méiglech fir Abus’en a Frauden z’ënnerbannen. Donieft kéinten d’Memberstaten Sanktiounen decidéieren, fir Betriber ze bestrofen di minimal Léin- an Aarbechtskonditiounen net respektéieren. Trotz Géigestemmen vu Groussbritannien an enger Rei zentraleuropäesche Staaten konnt gëschter eng qualifizéiert Majoritéit erreecht ginn, esou en zefriddenen Aarbechtsminister Nicolas Schmit, LSAP am 100,7 Interview.

Gewerkschaften an Europa fuerderen zanter Joren, datt lokal Kollektiv-Verträg als Minimal-Konditioun fir Aarbechter di am Ausland detachéiert sinn imposéiert ginn. De Nicolas Schmit sot gëschter wier dee bescht méigleche Kompromëss fonnt ginn fir elo Mol Kontrollen z’erméiglechen. Dat géing awer net ausschléissen datt een an Zukunft nach méi wäit geet, esou den Aarbechtsminister.

De ganze Bäitrag vum François Aulner:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/detachement-fa.mp3"]

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen