Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Jugendschutz: Nach ëmmer kee Konsens

Justiz

Reform vum Jugendschutz: Nach ëmmer kee Konsens

Et gëtt weiderhi kee Konsens an der Diskussioun ronderëm d'Reform vum Jugendschutz. D'Vertriederin vum Parquet général Simone Flammang betount, si an hir Kolleegen hätten ni gesot, datt si e Jugendstrofrecht géife begréissen. No Consultatioune mat der UN-Kannerrechtsexpertin Renate Winter soll d'Reform vum Jugendschutzgesetz elo op zwee Texter opgedeelt ginn. Dat hat d'Justizministesch rezent annoncéiert. De Jugendschutz a strofrechtlech Aspekter solle getrennt behandelt ginn.

auto_stories

3 min

Am Moment ass et esou: Jugendlecher, déi eng Strofdot beginn, falen hei zu Lëtzebuerg ënner dat sougenannte Jugendschutzgesetz. Dat soll sech änneren: Nieft dem Jugendschutz soll elo och e spezifescht Strofrecht fir Jonker ageféiert ginn.

D'Avocat général Simone Flammang betount, et wär hir wichteg, datt d'Iddi vum Jugendschutz weider applizéiert gëtt - och bei Jugendlechen, déi eng schwéier Strofdot beginn. Si plädéiert dofir, datt een net nëmmen d'Strofdot kuckt, mee datt een zesumme mam Jugendleche kuckt, "wéi een en op de richtege Wee" géif kréien.

Fir adequat kënnen op dës Fro ze äntweren, bräicht een déi néideg Infrastruktur, seet d'Simone Flammang a betount, datt ee kee Jugendleche méi misst op Schraasseg bréngen, wann een déi néideg Strukturen hätt.

Feele géif et zum Beispill un enger Plaz wou Jonker, déi aus der Psychiatrie kommen, intensiv kënne behandelt ginn. D'Avocate génerale mengt, wann et esou eng Struktur géif ginn, kéint d'Unisec zu Dräibuer d'Roll vum Jugendprisong méi konsequent erfëllen.

"Punktuell verbesseren"

D'Vertriederin vum Parquet général seet, datt dat aktuellt Jugendschutzgesetz sécherlech punktuell kéint verbessert ginn. An hiren Aen ass et awer net onbedéngt néideg donieft och nach ee Strofrecht fir Mineuren anzeféieren.

"Eist Gesetz, wat mir de Moment hunn - dat vun 1992 - dat huet Dispositiounen, déi fir Jugendlecher spillen, déi Strofdote gemaach hunn. An ech denken, datt déi déi sech wéinst Strofdote musse virum Jugendgeriicht veräntwerten, och haut scho ganz kloer verstinn, datt et dee Moment drëm geet fir hinnen eng Konsequenz ze ginn op déi Strofdoten, déi si gemaach hunn."

D'Simone Flammang ënnersträicht awer och, datt si als Vertriederin vum Parquet net dofir zoustänneg wier Gesetzer ze schreiwen. Hir Institutioun wéilt weider konstruktiv un der geplangter Reform vum Jugendschutz matschaffen.

Sam Tanson: An Zukunft zwee verschidden Texter

No Consultatioune mat der UN-Kannerrechtsexpertin Renate Winter soll d'Reform vum Jugendschutzgesetz elo op zwee Texter opgedeelt ginn. Dat sot d'Justizministesch Sam Tanson no enger Entrevue mat der UN-Expertin a Saache Jugendschutz. De Jugendschutz a strofrechtlech Aspekter solle getrennt behandelt ginn.

D'Jugendstrofgesetz soll elo prioritär ausgeschafft ginn. Fir déi zwee Texter zesumme géif awer nach ëmmer den ugekënnegten Zäitplang vun zwee Joer gëllen, sou d'Justizministesch Sam Tanson. De President vum Ombudscomité fir d'Rechter vum Kand René Schlechter begréisst, datt déi zwee Volete getrennt verfaasst ginn. Doduerch géifen och stroffälleg Jugendlecher ee méi klore Message kréien, sou de René Schlechter.

"Du hues géint e Gesetz verstouss, an zwar géint deen doen an deen doen Artikel. An op deem Delikt steet dat do an dat do als Sanktioun. A well s de awer e Jugendleche bass, adaptéiere mer déi Sanktioun un deng Besoinen no Schutz an, ech soe mol, Noräifen."

Der UN-Kannerrechtsexpertin Renate Winter no bräicht Lëtzebuerg e separate Prisong fir stroffälleg Jugendlecher. Mat der Unisec, also der zouener Unitéit zu Dräibuer, hätt Lëtzebuerg u sech eng Institutioun fir stroffälleg Jugendlecher, sou d'Justizministerin. Et misst lo gekuckt ginn, ob d'Aart a Weis wéi d'Unisec benotzt gëtt, muss iwwerduecht oder preziséiert ginn. Wann net, da misst ee sech d'Fro stellen, wat een nach un Infrastrukture bräicht, sou d'Sam Tanson.

An Zukunft soll et op alle Fall net méi méiglech sinn, datt Mannerjäreger an den Erwuessene-Prisong kommen.