Radioen

On air

Tockcity  |  Khruangbin - Pon Pón

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Scheedungsgesetz gouf ugeholl

Gesellschaft

Reform vum Scheedungsgesetz gouf ugeholl

D'Scheedungsgesetz gouf gëschter mat de Stëmme vun der Majoritéit an déi Lénk ugeholl. D'CSV an d'ADR hunn dogéint gestëmmt. Während den Debatten hunn eng Rei Punkte fir Kritik gesuergt, wéi zum Beispill d'Ofschafe vum Divorce pour faute.

auto_stories

3 min

Eng vun de groussen Neierungen ass, datt just nach zwou Forme vum Scheeden iwwereg bleiwen. Wa béid Partner sech eens sinn, dann ass et den Divorce par consentement mutuel, am anere Fall gëllt den Zerrütungsprinzip. Schonn 2003 gouf et am Gesetzprojet vum fréieren CSV-Justizminister Luc Frieden déi selwecht Prinzipien.

D'CSV huet et sech an Tëschenzäit aneschters iwwerluecht. Schaarf Kritik gouf et vum CSV-Deputéierte Gilles Roth, deen der Meenung ass, et wier falsch, den Divorce pour faute ofzeschafen.

D'Fehlverhale spillt an Zukunft beim Divorce nëmme méi eng Roll, wann et sech ëm strofrechtlech Doten handelt, déi um Penal sanktionéiert ginn. Wéi zum Beispill Vergewaltegung, Gewalt doheem oder nach e sexuelle Mëssbrauch vun de Kanner. Deen Ament verléiert deen "schëllegen eng Rei Rechter, besonnesch finanzieller Natur, wéi d'Alimenter oder bei der Opléisung vum gemeinsame Besëtz. Bis elo huet awer ee Partner, deen zum Beispill friem gaangen ass, op déi finanziell Accorde misste verzichten.

Gilles Roth: CSV net averstanen

Dem Gilles Roth no géif dat net duergoen, einfach nëmme strofrechtlech Doten zeréckzebehalen, och aner Forme vu Feelverhale missten kënne bäibehale ginn.

Wann Elteren enger Koppel een Terrain geschenkt hätten a legitimmer Weis dovun ausgaange sinn, datt den Eedem oder d'Schnauer net géifen deelen, wann d'Bestietnes wéinst engem Feeler auserneegaange wier, wier et an Zukunft net méi méiglech, déi Schenkung réckgängeg ze maachen. An Zukunft kéint dës just nach réckgängeg gemaach ginn, wann déi zwee Partner sech eens wieren, well d'Schenkung op engem Notairesakt baséiert, aus deem d'Leit net méi erauskommen.

Alex Bodry: "CSV wëllt beim Satus quo bleiwen"

Domat géif d'CSV beim Status Quo wëlle bleiwen, mengt den LSAP-Fraktiounspresident Alex Bodry. "A fir all d'Nostalgiker vun deem dote Scheedungsgrond: Ech war net laang als Affekot täteg, mee ech muss soen, datt déi Enquêten, d'Zeienunhéierungen a Scheedungsprozesser zu de penibelsten Aufgabe gehéiert hunn."

An Zukunft méi kloer Regelen:

Duerch d'Scheedungsgesetz ginn et elo kloer Kritären, déi de Riichter kann notzen, fir d'Alimenter auszerechnen, bis elo gouf et keng fest Regelen, seet d'Sam Tanson vun déi gréng a Rapportrice vum Gesetz.

  • Den Alter
  • D'Gesondheet
  • D'Dauer vum Bestietnes
  • D'Zäit déi verbruecht gouf, fir d'Kanner grousszezéien
  • D'Qualifikatioun an déi professionell Situatioun
  • D'Méiglechkeet eng nei Aarbecht ze fannen
  • De Patrimoine vum Partner

D'Period, während där e Recht op Alimenter besteet, gëtt an der Zäit begrenzt a kann - sauf circonstances exceptionelles - net méi laang sinn, wéi d'Dauer vum Bestietnes selwer. De Conjoint, dee während dem Bestietnes opgehalen huet mat schaffen, oder manner schafft, kann an Zukunft e retroaktive Réckkaf vu senge Pensiounsrechter maachen.

Roy Reding: Regelung vum Zeréckbezuele vu Pensiounsrechter "absolutte Quatsch"

D'Pensiounsrechter zeréckkafen ass also méiglech, wann ee vun de Partner manner geschafft huet, fir sech méi ëm de Stot ze këmmeren. Dat begréisst d'ADR, mee wéi et am Gesetz festgeluecht ass, wier net logesch, seet de Roy Reding ADR-Deputéierten.

"D'Regelung, datt deen dee bezuele muss, dat entweder kann un d'Rentekeess (CNAP) oder direkt un de Partner mécht, ass absolutte Quatsch. De Partner muss dann un d'CNAP iwwerweisen a wann en dat net mécht, da kann een déi Suen nees zeréckfuerderen. Firwat net einfach soen, et muss un d'Rentekeess iwwerwise ginn?"

Eng wichteg Neierung ass d'Aféiere vun engem Familljeriichter, dee sech ëm all d'Froen a Geriichtsprozeduren ëm d'Famill an de Kanner këmmere kann.

An enger Motioun, déi déi gréng Deputéiert Sam Tanson deponéiert huet, gëtt d'Regierung opgefuerdert, ee Bilan vum Scheedungsgesetz no dräi Joer ze zéien.