Radioen

On air

One World  |  Back To Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Scheedungsgesetz: wat ännert sech fir d'Kanner?

Gesellschaft

Reform vum Scheedungsgesetz: wat ännert sech fir d'Kanner?

Duerch d'Reform vum Scheedungsgesetz, déi am Juni an der Chamber mat de Stëmme vun der Majoritéit an déi Lénk ugeholl gouf, kréien d'Kanner d'Méiglechkeet sech un de Familljeriichter ze wenden, wa si eng Ännerung beim Suergerecht oder beim Droit d'hébergement wëllen ufroen. Am neie Gesetz steet, datt "Mineurs capables de discernement" sech un de Familljeriichter wende kennen, en Alter ass net festgeluecht. Wéi gëtt decidéiert, op e Mannerjäregen uerteelsfäeg ass, dat war eng Fro un d'Affekotin am Beräich Jugendschutz, der Valérie Dupong, am Interview mam Fanny Kinsch.

auto_stories

6 min

Valérie Dupong

Valérie Dupong: Ech mengen, dat ass au cas par cas. D'Gesetz erlaabt et, datt d'Kanner sech kënnen direkt un de Riichter wenden. Normalerweis leeft dat schrëftlech, iwwer e Bréif. Dofir muss een dovunner ausgoen, datt ee schonn e gewëssen Alter huet, fir kënnen e Bréif ze schreiwen, an datt de Riichter dann och unhand vun deem, wat geschriwwen ass, erausliese kann, op d'Kand fäeg ass fir esou eng Demarche ze maachen.

Fanny Kinsch: Dee Moment kann de Riichter, dem Kand en Affekot zur Säit stellen. Wéi leeft dat of?

Normalerweis kann een net ausschléissen, datt de Riichter och Kanner empfänkt. Mee dann huet de Riichter 15 Deeg Zäit fir dem Kand e Kanneraffekot ze nennen. Deen Affeko,t dee gesäit dann d'Kand a beschwätzt eben déi Saachen, déi d'Kand wëllt änneren. Well d'Kanner kënnen am Fong de Riichter just saiséieren oder ufroen, wa si eng Ännerung wëllen hu fir d'Autorité parentale oder fir d'Besuchs- an d'Hebergementsrechter; dat heescht fir d'Iwwernuechtungen. Den Affekot beschwätzt dat da mam Kand an e mécht dann eng offiziell schrëftlech Demande un de Riichter.

Muss den Affekot och mat den Eltere schwätzen?

Mir wëssen nach net richteg, also op wéi engem Niveau hie mat den Eltere schwätzt. Ech mengen an enger éischter Phas schwätzt hie mam Kand eleng. An da geet déi Demande un d'Geriicht an da ginn och d'Elteren informéiert, datt déi Demarche am Gaangen ass. An da gëtt eng Sitzung festgeluecht, da ginn d'Eltere geruff, eventuell gëtt d'Kand geruff oder just den Affekot vum Kand, esou kann ech mir dat virstellen. An dann ass et sou wéi sou Flicht vum Kanneraffekot, fir dann en Tour vun der Situatioun mécht, mat den Eltere schwätzt, respektiv vläicht nach mat anere Leit ronderëm, et hänkt jo och dovun of, wat gefrot gëtt. Heiansdo muss een och d'Schoul kontaktéieren, oder d'Kand gëtt vun engem Psycholog gesinn. Da mécht een eben do seng Aarbecht.

Wéi sinn déi Affekoten dorop preparéiert fir Kanner ze representéieren?

Normalerweis ass et esou, datt et eng Lëscht gëtt mat Affekoten, déi Kanneraffekote sinn. D'Riichter hunn och déi Lëscht. Déi Affekoten hunn eng Formatioun gemaach, déi vum Barreau offréiert gëtt all Joer, respektiv all zwee Joer, fir ebe Kanneraffekot ze ginn. Dat ass eng Formatioun iwwer e puer Kéieren, ech mengen et sinn am Ganzen 12-15 Stonnen Ausbildung a ville Beräicher fir si dorop virzebereeden. Mat Spezialisatiounsausbildungen an esou weider.

Eng Kritik déi virun allem vun der CSV op deem hei Punkt am Gesetz dacks widderholl gouf, war, datt d'Kanner kéinten instrumentaliséiert ginn an da vun den Eltere geschéckt gi fir deem aneren Elterendeel ze schueden. Wéi gesitt Dir dës Kritik, datt d'Méiglechkeet vum Kand, fir sech un de Riichter ze wenden, ausgenotzt gëtt?

Nom ale Gesetz konnten d'Kanner sech jo och un de Riichter wenden. Da war et fir gehéiert ze ginn. Selbstverständlech kënnt et vir, datt d'Elteren Drock op d'Kanner maachen an datt d'Kanner Drock kréie vun engem Elterendeel, vun deenen zwee, dat ass natierlech net ausgeschloss. An dowéinst ass déi Prozedur vum Kanneraffekot Flicht ginn. Dat heescht, deen ass awer dann deen, soe mir mol deen Erwuessenen, dee responsabel ass, deen d'Rechter vun de Kanner vertrëtt a verdeedegt, an deen dee Moment déi Demande eben zesumme mam Kand mécht, eng offiziell Requête, nodeem hie mam Kand geschwat huet. Et schléisst jo och net aus, datt de Riichter selwer herno nach kann e ganze Koup Instruktioune mécht. Hie kann eng Mediatioun virschloen, hie kann eng Expertise froe bei engem Pedopsychiater, bei engem Psychiater, hie kann eng Therapie unuerdnen. Duerno ka jo awer nach ganz vill geschéien. Et ass jo net, well d'Kand eppes well, datt et onbedéngt dann och geschitt.

Eng aner Ännerung, déi elo duerch d'Reform vum Scheedungsgesetz kënnt, ass, datt d'Autorité parentale a priori gedeelt gëtt vun den Elteren. Wéi een Impakt wäert dat Ärer Meenung no hunn?

Ech mengen d'Autorité parentale conjointe ass eng Bestätegung vun eppes, wat sou wéi sou scho praktizéiert gouf. Et gëtt awer e gewëssen Impakt, well d'Leit elo mussen ëmdenken. Si mussen elo den Ënnerscheed maachen tëschent deenen Decisiounen, déi si musse gemeinsam huelen an deenen Decisiounen, déi si wuel gemeinsam huelen, mee wou et net Flicht ass, dat ze beweisen, datt si se gemeinsam geholl hunn. Et gëtt en Ënnerscheed gemaach tëschent Acte non-usuel, déi déi also e gréisseren Impakt op d'Liewe vum Kand hunn an Actes usuels, dat sinn esou alldeeglech Decisiounen, déi een hellt: Wat ësst d'Kand, wann et d'Zänn wéi huet, gi mir séier an d'Urgence oder gi mir bei den Dokter oder sou Saachen. Do gëtt ugeholl, datt d'Elteren dat zesumme beschwat hunn. Wichteg Decisiounen, wéi zum Beispill "ech wëll mam Kand plënneren, ech gi gär an d'Ausland liewen" zum Beispill, wat hei zu Lëtzebuerg leider dacks virkënnt mat eiser kosmopolitescher Gesellschaft. E Kand muss operéiert ginn: Choix vum Dokter, Choix vum Spidol. Dat si ganz wichteg Decisiounen, déi mussen d'Elteren zesummen huelen. Eng Inscriptioun an eng Maison relais, esou Saachen. Déi mussen d'Elteren dann zesummen huelen an do ass et elo och d'Flicht fir déi drëtt Persounen, wéi d'Maison relaisen oder anerer aus dem professionellem Beräich, sech dann ofsécheren, datt d'Elteren effektiv d'Decisioun zesumme geholl hunn.

Elo kënnen och Partner vun Eltere verschidden Decisiounen huelen, déi d'Kand betreffen.

Jo, awer nëmme wat déi Actes usuels, déi alldeeglech Akten, ugeet. Dat ass elo am Gesetz virgesinn. Effektiv kann een dem gepacste Partner oder deem neien Ehepartner Rechter delegéieren, fir am Alldag Saache fir d'Kand mat ze decidéieren. Mee dat geet awer nëmme mam Averständnes vun deem aneren Elterendeel. Dat ass extra virgesinn, da muss een och den Accord hunn an dee gëtt och schrëftlech gemaach deen Accord.

Eng weider Neierung ass och, datt et elo Droit de Visitte kënne gi fir Geschwëster, datt Geschwëster d'Recht kréie sech ze gesinn. Wéi gëtt dat ëmgesat?

Jo, dat ass eben heiansdo de Problem gewiescht, wann d'Geschwëster aus diversen Ursaache net beienee gewunnt hunn. Deen ee wunnt bei der Mamm, deen anere wunnt beim Papp. Da war keen Text do, deen hir Rechter ënnertenee geregelt huet. Et ass ugeholl ginn, da geet d'Kand ebe bei de Papp an da gesäit et jo sou wéi sou do seng Geschwëster oder ëmgedréint. Elo ass awer extra en Text virgesinn, datt de Riichter och do kann d'Visitten tëschent de Kanner regelen.