Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reform vum Taxiwiesen: Kritik vun LCGB an Taxifederatioun

Taxireform

Reform vum Taxiwiesen: Kritik vun LCGB an Taxifederatioun

D'Reform vum Taxiwiese kënnt zu engem schlechten Zäitpunkt, doranner si sech den LCGB an d'Federatioun vun den Taxigesellschaften eens. D'Federatioun fäert katastrophal Konsequenze fir de Secteur.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


De Chiffre d'affaires wier am leschte Joer ëm iwwer 90 Prozent agebrach, seet de Paulo Leitao vun der Taxifederatioun.

Ënnerschiddlech Zone falen ewech

Mat der Reform vum Taxiwiese sollen déi ënnerschiddlech Zonen ewechfalen, all Taxi soll da kënnen am ganze Land fueren.

De Paulo Leitao fäert, datt d'Taxien dann alleguerten an d'Stad kommen, sief et bei de Flughafen, oder bei d'Gare, wou den TGV ukënnt. Dat wier zwar méi attraktiv fir d'Taxichaufferen, mee et wier net genuch Aarbecht fir jiddwereen do.

Taxilizenze ginn net méi ageschränkt

Doriwwer eraus gëtt d'Aschränkung vun de Lizenzen opgehuewen. An anere Länner hätt dat net dozou geféiert, datt d'Präisser erofginn, gëtt de Paulo Leitao ze bedenken.

Änlech gesäit dat de Paul Glouchitski vum LCGB, deen eng Explosioun vu falschen Independante fäert. Dat kéint den Marché vun den Taxien iwwerfëllen.

Locatiounsautoe mat Chauffer

Bei der geplangter Gläichstellung vun de Locatiounsautoe mat Chauffere si Patronen a Gewerkschaft sech net eens. D'Taxifederatioun begréisst dës Ännerung: virdrun hätt et keng Kontroll iwwer esou Servicer ginn.

De Paul Glouchitski fäert awer, datt dat d'Dier opmécht fir Plattforme wéi Uber. Him geet dat proposéiert Gesetz net wäit genuch, et bräicht een e Gesetz, dat all d'Gesellschaften, déi eng digital Plattform benotzen, encadréiert, Uber wier hei just ee Beispill. Och hei géif ee soss riskéieren, vill falsch Independanten ze kréien.