Walrecht Reform vum Walrecht: Gemëschte Reaktioune vun der Oppositioun

D'Oppositiounsparteie reagéieren ënnerschiddlech op déi geplangte Reform vum Walrecht. Déi Lénk an d'Pirate begréissen, datt déi blo-rout-gréng Koalitioun d'Participatioun vun Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewale wëllt vereinfachen. D'ADR ass net averstanen, datt d'Residenzklausel vu fënnef Joer soll ewech falen. D'CSV fuerdert hirersäits nach Bedenkzäit fir sech definitiv ze positionéieren.

Pia Oppel / cz

Walen
Foto: Bigstock / Alexandru Nika

Lauschteren


Déi gréissten Oppositiounspartei huet aktuell keng Positioun zum Thema, seet de CO-Fraktiounschef Gilles Roth. Zum Projet vun der Regierung géife sech vill Froe stellen, iwwer déi d'CSV parteiintern misst diskutéieren. Notamment well och den Accès zum passive Walrecht soll vereinfacht ginn.

"Domadder verbonnen ass, datt et méiglech ass, datt zum Beispill eng Persoun aus engem Drëttstaat, sief dat en Amerikaner, e Russ, e Chines oder anerer, op Lëtzebuerg kënne kommen an da praktesch siwe Méint duerno an enger Gemeng an eng exekutiv Positioun ewéi Buergermeeschter oder Schäffe kënne gewielt ginn."

D'ADR ass géint d'Ofschafe vun der Residenzklausel vu fënnef Joer fir Net-Lëtzebuerger bei de Gemengewalen. An dat souwuel beim Recht ze kandidéieren, wéi och beim Recht fir wielen ze goen. Domadder géif de Krittär vun enger minimaler Integratioun ewech falen, esou d'Argument vum ADR-Deputéierte Fred Keup. Theoretesch géif ee Persounen d'Méiglechkeet gi wielen ze goen, obwuel se d'Sprooch net schwätze kéinten.

Piratepartei an déi Lénk begréissen Ännerungen

Déi Lénk an d'Pirate begréissen déi geplangte Reform ausdrécklech: Et wier héich Zäit gi sech mam europäesche Recht ze konforméieren, wat d'Residenzklausel ugeet, fanne béid Parteien. D'Piratepartei wier zefridde mat der Verlängerung vun den Delaie fir sech an d'Wielerlëschten anzeschreiwen. Dat géif hëllefen, datt méi Leit sech op d'Lëschten aschreiwen. "Wat mir awer bedaueren ass, datt d'Regierung hei net op d'Pist geet, déi mir proposéiert hunn, nämlech automatesch, wann ee sech umellt och ze froen, ob e sech op d'Wielerlëschte wëll aschreiwen. Wat an eisen Aen zu vill méi Aschreiwunge géif féieren", sou den Deputéierte vun der Piratepartei Sven Clement.

Och d'Myriam Cecchetti vun déi Lénk fuerdert iwwer déi geplangte Reform eraus eng méi proaktiv Approche fir Net-Lëtzebuerger anzebannen, zum Beispill och duerch ee méi villsproochege Funktionnement vun der Lokalpolitik.

Bei de leschte Gemengewalen am Joer 2017 hunn offiziellen Angaben no een Drëttel vun den Net-Lëtzebuerger manner wéi fënnef Joer hei am Land gelieft a konnte sech dowéinst net an d'Wielerlëschten androen. Vun den Net-Lëtzebuerger, déi sech konnten androen hunn, huet dat just all Fënnefte gemaach.

Méi zum Thema

Wahlen
Walrecht

Net-Lëtzebuerger mussen an Zukunft net méi fënnef Joer am Land gewunnt hunn, fir bei Gemengewalen deel ze huelen. Och den Delai, fir sech an d'Wielerlëscht anzeschreiwen, gëtt verkierzt.

D'Colette Flesch, de Romain Hilgert an d'Renée Wagener
100 Joer allgemengt Wahlrecht

D'Lëtzebuerger allgemengt Wahlrecht feiert 100 Joer. Zanter dem 15. Mee 1919 steet de Suffrage universal an der Verfassung - eng Wahlflicht, a kee Wahlrecht. Ass dëse System nach aktuell?

Fraewahlrecht
Zäithistoriker

War d'Aféierung vum allgemenge Wahlrecht fir Bierger a Biergerinnen am Joer 1919 eng prinzipiell oder eng Opportunitéitsfro? E puer Iwwerleeunge vum Zäithistoriker Jacques Maas.

Michel Pauly Meenung
Fräie Mikro

Den 8. Mee 1919 gouf dat allgemengt Wahlrecht fir Lëtzebuerger Männer a Fraen vun iwwer 21 Joer ageféiert. Wéi eng Konsequenze sinn doraus haut ze zéien, freet sech de Michel Pauly.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen