Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Reform vun der Grondsteier sou séier wéi méiglech"

Politesch Prioritéiten

"Reform vun der Grondsteier sou séier wéi méiglech"

D'Grondsteier soll "sou séier wéi méiglech" ugepaakt ginn, esou d'Taina Bofferding. En interministerielle Comité soll relativ séier Piste fir déi Reform virschloen. An hiren Ae misst déi zukünfteg Grondsteier fir d'Leit, déi op hirem eegenen Terrain wunnen, "gerecht a sozial" sinn. Si misst op där anerer Säit awer och en Instrument ginn, fir d'Spekulatioun mat Terrainen ze ënnerbannen.

auto_stories

2 min

Taina Bofferding

D'Gemengegesetz an d'Reform vun der Grondsteier sinn déi zwee décksten Dossieren, déi déi nei Ministesch Taina Bofferding am Intérieur, engem vun hiren zwee Ressorten, ëmsetze wëllt. D'Gemengegesetz géif vill Consultatioune viraussetzen, soll awer bis d'Enn vun der Legislaturperiod duerch d'Chamber sinn.

Hir perséinlech wier et engersäits wichteg fir d'Spekulatioun kënnen ze besteieren, op där anerer Säit misst een awer och oppassen, datt doduerch kee bestrooft géif ginn. "Ech ka mir ganz gutt virstellen, datt mir Leit, déi ee Logement hunn, Objet wou si dra wunnen, datt si do net musse weider finanziell drop besteiert ginn. Ech kéint mir virstellen, datt een do en Abattement aféiert, also een Deel ka steierfräi maache fir dee Logement, wou d'Leit dra wunnen", sou d'Taina Bofferding.

D'Ministesch hofft fir d'Reform am Konsens kënnen ze maachen. Den Impôt foncier ass eng kommunal Steier, déi de Gemengen am Land haut eng 40 Milliounen Euro abréngt: dat ass e marginalen Deel vun hire Recetten.

Franz Fayot als nächsten LSAP-President?

De Franz Fayot wier dee Richtege fir als nächsten LSAP-President den Erneierungsprozess vun der Partei virunzedreiwen, mengt d'Taina Bofferding.

"Ech hu mat him an der Chamber zesummegeschafft, an ech kennen hien als e ganz engagéierte Mann. Hien huet Iddien, wéi een eis Partei ka reforméieren, an ech mengen, all gutt Iddi ass wëllkomm. Fir datt mir déi Chantieren, déi mir hunn - souwuel intern, wéi awer och thematesch, wou mir eis mussen anescht opstellen. A wann hien d'Motivatioun huet an dat wëllt ugoen, huet hie meng Ënnerstëtzung."

Fraequot bei Chamberwahlen: Richteg, mee nach weider Chantieren

"D'Quot huet op d'mannst eppes bruecht: equilibréiert Lëschten!" Dat ass hir éischt Reaktioun op de Constat, datt trotz 40 oder souguer 50 Prozent Kandidatinnen op de Lëschte vun de Parteie just 25 Prozent vun Deputéierten an der neier Chamber Frae sinn.

Dës Quot wier natierlech keng Garantie, datt automatesch méi Frae gewielt ginn. Et géif gëllen "seng Aarbecht hannendrun" ze maachen. Virun allem d'Parteie wiere gefuerdert "fir déi Diversitéit an déi Mixitéit hinzekréien", inner- an och ausserhalb vun de Parteien.