Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Animal Kingdom Chaotic

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Reformen an der Kierch sinn néideg"

Jean-Paul Lehners

"Reformen an der Kierch sinn néideg"

D'Kierch bräicht eng radikal Reform. Et wier néideg, datt den Äerzbëschof vum Weibëschof Leo Wagener ënnerstëtzt gëtt, seet de Jean-Paul Lehners, President vun der Kommissioun Justice et Paix vun der kathoulescher Kierch. Well de Jean-Claude Hollerich wéinst Engagementer an Europa an als Kardinal international vill ënnerwee wäert sinn, bräicht hien eng Assistenz fir d'Kierch zu Lëtzebuerg kënnen ze féieren an hien hofft och, datt e se ka reforméieren.

auto_stories

4 min

Foto: Archiv

Et wier eng gutt Decisioun vum Poopst gewiescht fir nieft dem Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, de Leo Wagener zum Weibëschof ze ernennen, seet de President vun der Kommissioun Justice et Paix vun der kathoulescher Kierch, de Jean-Paul Lehners.

Méi Onofhängegkeet duerch Trennung vu Kierch a Staat

An der Lëtzebuerger kathoulescher Kierch gouf et an de leschte Jore vill Diskussiounen ëm d'Reform vun de Kierchefabricken. Datt et an där Kierch verschidde Meenunge gëtt, dat wier normal. De Leo Wagener war och an all den Diskussiounen ëm d'Relatiounen tëscht der Kierch an dem Staat mat implizéiert, betount de Jean-Paul Lehners. Hien hätt un Decisiounen Deel geholl, déi villäicht net jiddwerengem gefalen. De Jean-Paul Lehners ass awer der Meenung, datt déi Entscheedungen am Interêt souwuel vum Staat, ewéi och vun de Kierche sinn. Dat géif d'Onofhängegkeet vun de Glawensgemeinschaften erlaben. D'Kierche kéinte sech elo nei opstellen.

No den Ausernanersetzunge bannent der kathoulescher Kierch misst et elo méiglech sinn een Dialog opzebauen, fir am Dialog zu engem positive Resultat ze kommen, betount de Jean-Paul Lehners.

Neie Weibëschof inkarnéiert chrëschtlech Prinzipien

Justice et paix, ass eng Kommissioun vun der kathoulescher Kierch, déi sech mat Froe iwwer déi sozial Gerechtegkeet, de Fridden, d'Mënscherechter an d'Nohaltegkeet befaasst, am Sënn vun der chrëschtlecher Philosophie. De Leo Wagener géif déi Prinzipien inkarnéieren, esou de Jean-Paul Lehners.

Souwuel hien ewéi och de Bëschof wiere ganz op där Säit vu Gerechtegkeet, Fridden an och d'Erhale vun der Schëpfung.

"Ech menge mir kënnen do ganz op hien zielen, sou wéi mir op de Bëschof kënnen zielen. Ech hoffen,, datt d'Kierch net nëmmen zu Lëtzebuerg, mee och am Ausland sech kann dofir asetzen, datt déi Prinzipie vu Gerechtegkeet, Fridden, Erhale vun der Natur an natierlech och d'Mënscherechter matgedroe ginn."

Radikal Reform vun der Lëtzebuerger Kierch néideg

De President vu Justice et Paix hofft, datt déi kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg wierklech de Courage huet, fir sech radikal ze reforméieren.

"Mat all deem, wat an der Kierch an deene leschte Méint a Jore geschitt ass, geet et net duer fir d'Saachen ze flécken. Do muss a mengen Aen eng radikal Reform kommen. Ech hoffen, datt mir do op den Här Wagener kënnen zielen an och op de Bëschof natierlech. Wann d'Kierch wëllt glafwierdeg bleiwen, da musse Reforme kommen an zwar radikal Reformen."

Rechter vun de Fraen an Ofbau vum Zölibat

De Jean-Paul Lehners war President vun der Mënscherechtskommissioun a wëll, datt d'Rechter vun de Frae bannent der Kierch solle gestäerkt ginn.

Am Beräich vun der Gläichheet tëscht Mann a Fra missten Ännerunge kommen. Et kéint net weiderhin sou sinn, datt verschidden Ämter an der Kierch de Männer musse reservéiert sinn. Weider misst de Flichtzölibat ofgeschaaft ginn, esou de Jean-Paul Lehners. D'Kierch selwer kéint sech erneieren andeem et a klenge Communautéite weider geet, proposéiert de Jean-Paul Lehners.

"Wat ech zu Lëtzebuerg gesinn, dat ass datt ganz vill Kierchen dacks eidel sinn, datt wann ee 70 Joer huet, bal dee Jéngsten an der Mass ass. Op där anerer Säit sinn an de Masse vun der englescher oder franséischer Communautéit, bis zu 500 Läit. Lëtzebuerg besteet jo net just aus Lëtzebuerger, mee do ass déi international Communautéit déi och villäicht weist, wat ee ka maachen, wann een authentescht Chrëschtentum wëllt liewen."

An deene Pare géifen d'Laie villes ënnerhuelen. Si organiséieren Aktioune fir arem Läit, fir Kanner oder nach Flüchtlingen. "Et dierf net méi esou sinn, datt et een groussen Ënnerscheed gëtt tëscht Klerikaler a Laien. Et muss schonn zesummen un engem Strang gezu ginn."


De ganzen Interview mam Jean-Paul Lehners

Lauschterenplay_arrow