Radioen

On air

De Weekend  |  Say Yes Dog - Around My Neck

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung: Nei sozialpolitesch Mesuren an e "Klima-Biergerrot"

Ried zur Lag vun der Natioun

Regierung: Nei sozialpolitesch Mesuren an e "Klima-Biergerrot"

D'Kannergeld soll vu Januar d'nächst Joer un erëm indexéiert ginn. Dat huet de Xavier Bettel annoncéiert. Weider soll ënner anerem d'Allocation à la vie chère ëm 200 Euro gehéicht an d'Maison relaise gratis ginn.

auto_stories

4 min

De Premierminister bei senger Ried zur Lag vun der Natioun. Foto: CHD.lu

De Xavier Bettel huet an der Ried zur Lag vun der Natioun verschidde sozialpolitesch Mesuren annoncéiert. D'Allocation de vie chère géif d'nächst Joer ëm 200 Euro pro Stot gehéicht ginn, d'Kannergeld soll am Januar indexéiert ginn an deemno ëm 2,5 Prozent klammen.

Kanner aus Famillje mat schwaachem a mëttleren Akommes solle gratis kënnen an der Schoulkantin iessen, esou de Premier. Duerch dës Mesure kéinten d'Eltere pro Kand pro Joer 846 Euro spueren, esou d'Rechnung vun der Regierung.

Maisons relaise gi gratis

Nodeems d'lescht Joer 20 gratis Crèchëstonnen agefouert gi sinn, annoncéiert de Xavier Bettel, datt d'Maison relaisen dat nächst Schouljoer komplett gratis solle ginn. Dat an de Schoulwoche vu Moies 7 bis Owes 19 Auer. De Staat an d'Gemenge sollen déi eenzeg Instanze sinn, déi Kannerbetreiung ubidden.

Weider wëllt d'Regierung an all de 15 Schoulregiounen Elterefore schafen, wou d'Elteren Informatiounen a Rotschléi iwwer d'Entwécklung an d'Ënnerstëtzung vun hirem Kand kréie kënnen.

Vum nächste Schouljoer u sollen déi éischt véier Joer Museksunterrecht - de sougenannte Cycle inférieur - fir d'Schüler a Schülerinne gratis ginn. Weider soll all Kand ee Bong kréie fir onofhängeg vu finanzielle Contrainten eng Sportaart an engem Veräin ausüben, esou de Xavier Bettel.

600 Milliounen Euro fir Alters- a Fleegeheemer

Fir d'Fleeg ze assuréieren, wäert de Familljeministère déi nächst Jore 600 Milliounen Euro investéieren: dës sollen an nei Better investéiert ginn, mee och d'Qualitéit vun de bestoende Better soll eropgoen.

Virun der Pandemie gouf schonn ee Projet de loi deposéiert, deen d'Schafe vun engem Regëster virgesäit, deen d'Präisser vun den eenzelen Haiser oplëscht. Weider soll d'Personal méi spezifesch forméiert ginn.

Dat nächst Joer soll weider eng grouss Sensibiliséierungscampagne organiséiert gi fir d'Besoinen, awer och d'Stäerkte vu Leit mat enger Behënnerung ervirzehiewen. Déi verschidde Beruffsgruppen, déi mat Leit mat enger Behënnerung schaffen, solle speziell Formatioune kréien. Weider sollen "eng Rei innovativ Wunnprojeten" entstoen, esou de Xavier Bettel. Detailer heivir goufen et allerdéngs net.

Ee Recht op Deelzäit

Fir eng bessert Work-Life-Balance ze erméiglechen, wëllt d'Regierung e Recht op Deelzäit aféieren. Datt dat awer net op Laascht vun der Pensiounskeess geet, iwwerhëlt de Staat en Deel vun de Cotisatiounen iwwerhuelen. D'Recht op Deelzäit soll awer zäitlech limitéiert sinn.

Den Aarbechtsminister Dan Kersch an d'Familljeministerin Corinne Cahen sollen dat nächst Joer ee Work-Life-Balance-Plang op d'Been stellen.

Elteren, déi zu zwee vum Congé parental profitéiert hunn, solle belount ginn. Wéi dat konkret soll ausgesinn, huet de Xavier Bettel net gesot.

Reform vu Grondsteier

Déi scho laang annoncéiert Reform vun der Grondsteier soll bannent 12 Méint deposéiert ginn. Bis dohi géif déi blo-rout-gréng Regierung nach e Modell ausschaffen, wéi eidel Terrainen a Wunnenge kënne méi staark besteiert ginn.

Nei ass, datt dofir en nationale Regëster geschafe soll ginn. Mat dësem Regëster, dee vun de Gemengen alimentéiert soll ginn, erhofft de Xavier Bettel sech "ee prezisen Iwwerbléck doriwwer, wat d'Wunnverhältnisser am Land sinn".

Tripartite nach an dësem Joer

De Staatsminister wëllt nach bis Enn vun 2021 eng Tripartite mat de Sozialpartner organiséieren. Och wann déi aktuell Situatioun um Aarbechtsmaart et net géif erfuerderen, wéilt de Xavier Bettel sech mat Gewerkschaft a Patronat un en Dësch setze fir iwwer d'Erausfuerderunge vum Aarbechtsmaart ze diskutéieren.

An der Fro, ob Lëtzebuerg méi wäitreechend Mesuren am Klimaschutz brauch, wëllt d'Regierung e Klima-Biergerrot asetzen. 100 Bierger, déi d'Gesellschaft representéieren, solle berode wéi wäit si wëllen iwwer déi aktuell Mesuren am Klimaschutz erausgoen, esou de Regierungschef.

D'Regierung géif weider Mesuren am sanitäre Beräich plangen, esou de Xavier Bettel. Et wier een am Gaangen een nationalen Observatoire de la santé opzebauen an un enger nationaler Medikamentenagence ze schaffen. Doriwwer eraus wëllt een den Zougang zu Hausdoktere verbesseren.

Fir Léieren aus der sanitärer Kris ze zéien, hätt d'Regierung mat der OCDE Kontakt opgeholl fir eng onofhängeg Etüd iwwer d'Krisegestioun ze maachen. Dës soll vun internationalen Experte gemaach ginn.

Bis 2023: Rekrutement vu 600 Polizisten

An engem vun den nächste Regierungsréit soll ee Mesure-Pak iwwer Sécherheet an Upassung vun der Drogepolitik ugeholl ginn: doduerch soll ënner anerem den Effektiv vun der Police eropgesat ginn. D'Regierung wëllt an deenen nächsten zwee Joer iwwer 600 Polizisten an 240 Zivilisten astellen.