Radioen

On air

Espresso Beats  |  Artemas - I Like The Way You Kiss Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierung wëllt Isolatiounszäit an 2G+ upassen

Covid-Gesetz

Regierung wëllt Isolatiounszäit an 2G+ upassen

D'Isolatiounsdauer fir geimpfte Leit mat enger Covid-Infektioun soll ënner Konditiounen op sechs Deeg reduzéiert ginn. Wärend den éischte sechs Méint no der zweeter Impfung brauch een am 2G+ kee Schnelltest méi.

auto_stories

2 min

Mat Schnelltester méi fréi aus der Isolatioun: d'Regierung wëllt Adaptatiounen um aktuelle System. Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Dennis Duddek/ Eibner Pressefoto

D'Isolatiounsdauer fir geimpfte Leit mat enger Covid-Infektioun soll vun zéng op sechs Deeg reduzéiert ginn. Hei gëllt awer eng weider Konditioun: D'Regierung gesäit esou eng Reduktioun vun der Isolatiounsdauer just vir, wann ee geboostert ass, oder wann den Ofschloss vum Basis-Impfschema (also zwou Impfdosissen, respektiv eng am Fall vun enger Impfung mat Janssen) net méi wéi sechs Méint zeréck läit.

Um fënneften a sechsten Dag muss een jeeweils een en Auto-Schnelltest maachen. Dës mussen negativ sinn, fir datt een d'Isolatioun dann effektiv de siwenten Dag dierf verloossen.

An engem neie Mesure-Pak, deen d'Regierung gëschter festgehalen huet, ass och virgesinn, datt den Direkter vun der Santé d'Isolatiounsdauer fir geimpften an net geimpfte Leit zousätzlech ka reduzéieren, wann nei wëssenschaftlech Donnéeën dat justifiéieren.

Bei der Quarantän fir Kontaktpersoune vun Infizéierte soll näischt änneren: Geimpfte Leit bleiwen dovunner ausgeschloss, an net geimpfte Leit kënnen d'Quarantän no sechs Deeg mat engem negativen PCR-Test nees verloossen. Am anere Fall gëllt eng maximal Quarantaine vu siwen Deeg.

Upassungen um 2G+

D'Regierung proposéiert da fir den 2G+ unzepassen: Wie bannent de leschte sechs Méint säi Basis-Impfschema ofgeschloss huet, oder enger Covid-Infektioun hat, soll am Horeca- a Fräizäitberäich - anescht wéi elo - kee Schnelltest méi musse maachen.

Et bleift derbäi, datt Leit mat enger Booster-Impfung kee Schnelltest musse maachen. Eng Ausnam fir Jonker ënner 18 Joer, déi nach keen Accès zu enger Booster-Impfung hunn, ass net virgesinn.

Virgesinn ass och, datt explizitt verbuede gëtt fir Schnelltester per Téléconsultatioun ze zertifiéieren.

Impfzertifikat op néng Méint limitéiert, mat Booster onlimitéiert

D'Validitéit vum Lëtzebuerger Impfzertifikat soll dann den europäesche Virgaben no op néng Méint limitéiert. Dat gëllt fir Leit, déi ee kompletten Impfschema hunn.

No enger Booster-Impfung soll d'Zertifikat bis op Weideres eng illimitéiert Gültegkeet hunn. De Gesetzesprojet, deen all dës Ännerungen um Covid-Gesetz virgesäit, soll nach haut an der Chamber deposéiert ginn.