Regierungsdeklaratioun

De Xavier Bettel huet a senger Regierungserklärung confirméiert, datt den TVA-Taux erhéicht gëtt. Ëm wéivill Prozent-Punkten, huet den neie Premier de Mëtteg an der Chamber nach net veroden. Zur TVA-Erhéijung wëll d’Regierung an den nächste Méint eng Propositioun maachen. De super-reduzéierten Taux vun 3% soll bäibehale ginn.
ei der geplangter grousser Steier-Reform soll et ee kritescht Iwwerschaffe vun den Abattemente ginn. Duerch ennert anerem eng nei "Systematik" vun der Gestioun vun den ëffentleche Gelder a méi selektiv Subventioune, sollen déi generell finanzpolitesch Zieler erreecht ginn.
oubal de Staat déi néideg finanziell Mëttel huet soll eng gratis Kannerbetreiung offréiert ginn.
em Premier no, hätt een d’Ambitioun fir eng politesch Erneierung an eng Moderniséierung vum Land. Déi ganz Regierungserklärung vu ronn 80 Minutte stoung ënnert dem Leitmotiv “Ouverture, Responsabilitéit a Kohäsioun”.
m Internet-Site vun der Regierung stinn zënter de Mëtteg eng ganz Partie Dokumenter a Relatioun mat der neier Regierung, dorënner 77 Säite "procès-verbaux" vun de Koalitiounsverhandlungen.

Weider Detailler vun der Regierunsdéklaratioun am Resumé vum Michel Delage:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/MD-Bettel.mp3"]

Programm

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen