Regierungsdeklaratioun: Reaktioun vum Claude Wiseler, CSV

D’CSV erkennt no der Regierungserklärung vu gëscht just e Wiessel an der Form, awer net an den Inhalter. “Et ass vill iwwer en neie Stil geschwat ginn, awer wéineg iwwer Inhalter”, esou den CSV-Vize-Fraktiounschef de Moien hei op der Antenn. Besonnesch bei de Staatsfinanzen huet de Claude Wiseler präzis Pläng vun der DP-LSAP-Grénger Regierung vermësst. Datt d’CSV dem Xavier Bettel no de Chamberwahlen eng Koalitioun ouni de Jean-Claude Juncker offréiert huet, kann de Claude Wiseler eegenen Aussoen no absolut net confirméieren. Weder d’CSV-Parteispëtzt nach déi fréier CSV-Ministeren hätten dem Xavier Bettel offiziell esou e Virschlag gemaach. De neie liberale Regierungschef hat de Weekend op RTL Radio gesot, et wier net falsch datt hien esou eng Offer gemaach krut. Méi Präzisiounen huet en awer net ginn.

De ganzen Interview vum Jean-Claude Franck mam Claude Wiseler:

[audio mp3="http://www.100komma7.lu/files/4/2/245689_spezial-regierungsdeclaratioun.mp3"]

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

    • Invité am Moies-Magazin - D'Marlène Kreins impressionéiert den Impressionist Dominique Lang

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • CinÉast 2019

    Et ass déi zwieleften Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 3. bis den 20. Oktober ginn iwwer 65 Featuren a 50 Kuerzfilmer aus 20 Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen.

Net verpassen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen