Radioen

On air

Notturno  |  Wilco - You Are My Face

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsformatioun hëlt Form un

Politesche Wocheréckbléck

Regierungsformatioun hëlt Form un

Ee Mount no de Chamberwahlen hëlt d'Formatioun vun der neier Regierung den Ament Form un. Et zeechent sech eng Regierung mat 17 Memberen of. Sechs Poste fir d'DP, Sechs fir d'LSAP a fënnef fir déi gréng.

auto_stories

5 min

De Jean-Claude Franck kuckt op déi politesch Woch zeréck. Foto: Archiv.

D'Koalitiounsverhandlunge sinn nach net eriwwer, an et gëtt vill iwwer d'Gréisst vun der Regierung an iwwer d'Nimm vu méigleche Ministere geschwat. Dat sinn effektiv Diskussiounen, déi tëschent den dräi Parteien op héijem Niveau stattfannen.

Kee vun de Politiker vun dësen dräi Parteie wëllt dat awer oppe virum Mikro zouginn, mee verwerfen alles a soen, dat wiere just Spekulatiounen. Kee wëllt, datt den Androck entsteet, datt just iwwer Persoune rieds geet.

Et geet och ëm Inhalter

Et geet och net (nëmmen) iwwer Posten a Persounen, mee och ëm Inhalter. Déi éischt Kapitele si schonn ofgeschloss (Medien, bannescht Sécherheet, Justiz). An den nächste Woche wäerten och nach aner Kapitelen ofgeschloss ginn. Et kéint awer sinn, datt d'Verdeele vun de Posten nach evoluéiert, wann iwwer Ressorte verhandelt gëtt.

Et gesäit esou aus, wéi wann déi Gréng ee Regierungsmember manner kréie wéi DP an LSAP. DP soll nach de Poste vum Chamberpresident kréien, zousätzlech zum Premier. D'LSAP soll den EU-Kommissär an de Vizepremier stellen.

Wisou wëllen déi gréng net méi?

Et schéngt op den éischte Bléck paradox, datt déi gréng net méi Poste fuerderen, obwuel si déi grouss Gewënner vun de Chamberwahle vum 14. Oktober sinn. Effektiv krute mir erzielt, datt si sech mat fënnef Regierungsmemberen zefridde ginn. Dëst ass just ee méi wéi an der leschter Regierung.

déi gréng kommen elo op néng Sëtz an der Chamber, wat engem Plus vun dräi Sëtz entsprécht. D'Sozialisten hu just een Deputéierte méi, kréien awer méi Ministeren an de Poste vum EU-Kommissär. D'Fro ass also berechtegt, wisou déi gréng net méi fuerderen.

déi gréng sinn awer nach ëmmer eng méi kleng Partei wéi CSV, DP an LSAP, hunn also och manner Personal fir op déi verschidde Spëtzeposten. Zousätzlech arrangéiert déi aktuell Opdeelung si wéinst de Bezierker an de Paritéit ënner de Posten.

Aktuell Pläng: Net a Stee gemeesselt

Bei der LSAP leeft et 100,7-Informatiounen no dorop eraus, datt de Süden dräi Regierungsmemberen (Jean Asselborn, Dan Kersch, Taina Bofferding) an den Zentrum just ee kritt (Etienne Schneider). D'Taina Bofferding kéim domat och fir d'éischte Kéier an d'Regierung. Am Zentrum huet d'LSAP mëttlerweil och just nach zwee Deputéiert.

Déi aktuell Pläng sinn awer nach net a Stee gemeesselt, an et kann nach vill änneren. Wann déi gréng manner Poste kréien, wëlle si natierlech wichteg Ressorten. Vu datt si ee Regierungsposte méi kréien, mussen si ee vun den anere Parteien iwwerhuelen, an déi gréng gi sech wuel net mam Sportsministère zefridden.

déi gréng wollten de Landwirtschaftsministère mat der Ëmwelt zesummeleeën, mee dat schéngt net konsensfäeg ze sinn. Och de Kulturministère, op dee si en A geworf hunn, wëllt d'DP net hierginn. D'LSAP muss als Wahlverléier eppes hierginn, also wäerten do nach Saache geschéien.

Et kënnen iwwerdeems och nach d'Käpp änneren, well wann d'Ressorte bis stinn, da muss och no de Kompetenzen tranchéiert ginn. D'Fro stellt sech, wie wouhi passt, an da kann et sinn, datt den aktuelle Plang net méi opgeet, an datt Leit an d'Regierung kommen, déi bis bis elo nach net am Spill mat dra sinn.

Fraktiounspresident: D'Majoritéit zesummenhalen

Bei enger hauchdënner Majoritéit vun 31 vu 60 Sëtz spillt de Poste vum Fraktiounspresident an den nächste fënnef Joer eng wichteg Roll. Déi dräi Regierungsparteie mussen hir Fraktioun am Grëff hunn, well wann een Deputéierten net am Sënn vun der Koalitioun matstëmmt, hu si keng Majoritéit méi. Bei der LSAP schéngt et, wéi wann de Georges Engel dëst Mandat iwwerhuele wëllt. Hie soll de Respekt vu ville Kolleege genéissen a wier domat e gudde Kandidat.

Bei déi gréng ass et am wahrscheinlechsten, datt d'Josée Lorsché d'Fraktioun presidéiert. Si ass scho laang dobäi a mécht dat elo scho faisant fonction. Bei der DP ass et nach net kloer, wien dëse Posten iwwerhuele kann. D'Demokratesch Partei seet no baussen hin, datt si dëst Thema nach net ugeschnidden hätten.

Wéi geet et weider?

En éischten informelle Stéchdatum fir de Koalitiounsaccord ass de 6. Dezember. Déi zoustänneg Gremie solle bis dohinner iwwer den Accord ofstëmmen. Bei der LSAP a bei déi gréng ass dat e Kongress, bei der DP ass dat de Comité directeur. Nach bis den 28. November si fënnef Verhandlungsreuniounen am grousse Krees.

Ob den Datum vum 6. Dezember agehale ka ginn, hänkt awer dovunner of, ob déi inhaltlech Diskussiounen no Plang verlafen. Dofir gëtt dësen Datum och nach net offiziell kommunizéiert. Bis ewell lafen d'Koalitiounsverhandlungen 100,7-Informatiounen no ouni grouss Reiwungen. Et gesäit also dono aus, wéi wann et keen Echec bei der Regierungsbildung wäert ginn.