Radioen

On air

Notturno  |  Jonah Yano - Concentrate

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Regierungsrot: Gëltegkeetsdauer vu Corona-Tester soll reduzéiert ginn

Corona-Pandemie

Regierungsrot: Gëltegkeetsdauer vu Corona-Tester soll reduzéiert ginn

PCR-Tester sollen 48 amplaz vun elo 72 Stonne gülteg sinn. Antigentester nach 24 amplaz vun elo 48 Stonnen. Ee Méindeg ass ee weidere Regierungsrot fir zousätzlech Covid-Restriktioune ze décidéieren.

auto_stories

2 min

D'Regierung huet de Moien decidéiert fir d'Gëltegkeetsdauer vun de Corona-Test-Zertifikater ze reduzéieren: Wéi et an engem Communiqué heescht, solle PCR-Tester 48 amplaz vun elo 72 Stonne gülteg sinn. Antigentester sollen hirersäits nach 24 amplaz vun elo 48 Stonne valabel sinn.

Leit, déi net geimpft sinn, misste sech deemno méi dacks teste fir ee gültege CovidCheck-Certificat ze hunn. Eng entspriechend Ännerung vum Covid-Gesetz soll zäitno op den Instanzewee geschéckt ginn.

D'Regierung recommandéiert dann och den Asaz vu Masken a Schnelltester fir Visiteuren an Alters- a Fleegeheemer - dëst zousätzlech zum CovidCheck-System. Den Ament géifen et a fënnef Strukture fir eeler Leit am Ganzen néng positiv Covid-Fäll, sot eis d'Familljeministerin Corinne Cahen op Nofro hin.

Ee Méindeg ass ee weidere Regierungsrot fir zousätzlech Covid-Restriktiounen ze decidéieren. Am Virfeld ginn ee Méindeg de Moien d'Sozialpartner consultéiert.

"Exponentiell Dynamik"

Eng Suerg bleift deen ze niddregen Impftaux, anerersäits kéinten d'Restriktiounen och dorobber zilen, fir d'Kontakter nees ze reduzéieren an esou d'Verbreede vum Virus ze bremsen.

D'Infektiounszuelen hu mëttlerweil eng "signifikant exponentiell Dynamik" heescht et an engem neie Rapport vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force. D'Zuel vun den Hospitalisatioune wier den Ament konstant. Et wier an nächster Zäit awer mat méi Covid-Patienten an de Spideeler ze rechnen, wann déi sozial Interaktiounen um selwechten Niveau bleiwen.