Radioen

On air

De Weekend  |  Belle And Sebastian - Piazza, New York Catcher

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De Front national läit nom éischten Tour vir

Regionalwahlen a Frankräich

De Front national läit nom éischten Tour vir

Gutt dräi Wochen no den Attentater vu Paräis sinn d'Wonnen nach wäit dovun ewech geheelt ze sinn. Frankräich ass – am duebele Sënn vum Wuert – am Ausnamezoustand. Dat och den Dag no de Regionalwahle bei deenen d'Lëschte vu rietsextreme Front national am éischten Tour déi meeschte Stëmme kritt hunn. Am Virfeld vun de Wahlen hate mir mat Experten, ënner anerem, iwwer eng méiglech Progressioun vum FN geschwat.

auto_stories

6 min

Dräi Millioune Fransouse waren an der neier Groussregioun a Nopeschregioun vu Lëtzebuerg opgeruff ze wielen

A sechs vun zwielef Regiounen läit de Front national vir nom éischten Tour vun de Regionalwahlen a Frankräich. Et sinn dat folgend Regiounen:

  • Alsace-Champagne-Ardenne-Lorraine 
  • Nord-Pas-de-Calais-Picardie 
  • Bourgogne-Franche-Comté
  • Centre-Val-de-la-Loire 
  • Languedoc-Roussillon-Midi-Pyrénées 
  • Provence-Alpes-Côte d'Azur

D'Haaptresultater (national) nom éischten Tour (6.12.2015):

  • Front national: 27,96% 
  • Les Républicains & UDI (Union de la droite): 26,89%
  • Parti socialiste & Mouvement des radicaux de gauche (Union de la gauche): 23,33%

Wahlbedeelegung (national): 43,01%

Am Virfeld: E schwierege Wahlkampf

Am Virfeld vun de Wahlen ass de radio 100,7 am engem Dossier op d'Wahlen agaang. Am Fokus stoung doran déi nei grouss Nopeschregioun vu Lëtzebuerg, Alsace-Champagne-Ardenne-Lorraine, eng vun de 6 Regiounen an deenen de Front national nom éischten Tour d'Nues virhuet.

"Frankräich ass am Krich", dat sot souwuel de franséische President François Hollande, wéi och säi Premier Manuel Valls no den Attentater vu Paräis. An de Sécherheetsdiscours, deen doraus entstan ass, dominéiert och de Wahlkampf fir dës Regionalen – net nëmme ronderëm Paräis. 

"De Wahlkampf dréint bal exklusiv ronderëm Sécherheetsthemen", seet den Etienne Criqui, Professer fir Politikwëssenschaften op der Université de Lorraine. Senger Meenung no sinn d'Wieler de Moment och guer net oppe fir eppes iwwer Beräicher wéi déi regional wirtschaftlech Entwécklung, den Transport oder nach d'Beruffsausbildung ze héieren, wat eigentlech zu de Kärkompetenze vun de Regioune gehéiert. An ebe grad nodeems méi wéi eemol vu Krich geschwat ginn ass, kéint ee verstoen datt d'Bevëlkerung "traumatiséiert" wier.

Nach net an der neier Regioun ukomm

Och ouni d'Attentater vum 13. November wieren et schwiereg Regionalwahle ginn. Et sinn nämlech och déi éischt Wahlen zanter der grousser Territorialreform, bei där Frankräich Ufanks des Joers nei opgedeelt ginn ass, fir mam sougenannten Millefeuille territorial Schluss ze maachen. D'Zil vun der Operatioun: eng administrativ Vereinfachung, mee och Sue spueren. 

D'Reform huet allerdéngs Krämpes fir bei der Bevëlkerung unzekommen. Eigentlech wieren d'Fransousen averstan fir dat komplext Zesummespill tëscht Regiounen, Departementer, Communautés de communes asw. ze vereinfachen, seet de Journalist Clément Lhuillier, deen d'Wahle fir de regionale Radiossender France Bleu Lorraine verfollegt. Mee d'Regierung hätt a Saachen Territorialreform schlecht kommunizéiert. "De Problem ass, datt de neien Decoupage vu Frankräich zu Paräis gezeechent ginn ass, an dat op eng ganz willkürlech Manéier. Et ass mat kengem geschwat ginn, weder mat de gewielte Volleksvertrieder, nach mat der Bevëlkerung", seet de Journalist. 

"Stroossbuerg um aneren Enn vu Frankräich"

Virun allem d'Elsass, huet sech géint nei regional Partner gewiert. En Zesummewuesse mat der Lorraine wier, alleng aus historesche Grënn, nach akzeptéiert ginn, net awer de Projet op d'Champagne-Ardenne auszeweiden. Allerdéngs dierft awer d'Haaptstad vun der Regioun mam provisoresche Kierzel ACAL an d'Elsass kommen, an zwar op Stroossbuerg. Domat huet d'Champagne-Ardenne awer rëm e Problem. "Fir d'Awunner vun der Regioun Champagne-Ardenne ass Stroossbuerg um aneren Enn vu Frankräich, si si méi no vu Paräis wéi vu Stroossbuerg", seet de Clément Lhuillier. 

Dräi Millioune Fransouse sinn an der neier Groussregioun opgeruff ze wielen, 169 conseillers régionaux stinn an den zéng Departementer vun der ACAL op de Lëschten. E Sonndeg, 6. Dezember ass den éischten Tour, den zweeten ass eng Woch méi spéit. 

Mee, wéi gewinnt, schéngen d'Regionalen och dës Kéier wéineg Wieler unzezéien. Engem rezente Sondage no géif d'Wahlbedeelegung fir den éischten Tour bei nëmme 45% leien. De vill diskutéierten Effekt vum "sursaut républicain" kéint also ausbleiwen.

Progressioun vum FN "net iwwerraschend"

Gewënnt de Front national no den Attentater vu Paräis un Zoustëmmung oder net? Déi Fro ass omnipräsent. Äntwert bleift ofzewaarden, mee d'Sondagë soen der rietsextremer Partei gutt Chancë viraus, och an der Nopeschregioun vu Lëtzebuerg. Deemno kéint den FN-Kandidat Florain Philippot do am zweeten Tour als Gewënner ervir goen, mat 35,5%, virun de Republikaner mat 34,5% an de lénke Parteien, inklusiv de Sozialisten mat 30%. Ganz iwwerraschent kennt dat fir de Journalist Luihillier net - och onofhängeg vun den Attentater. "Et muss ee just d'Progressioun bei de Resultater kucken déi Front national bei de läschte Wahlen an eise Regioune gemaach huet. Da gesäit een datt dee Sondage lo net wierklech iwwerraschend ass".

Och de Politikwëssenschaftler Criqui fënnt éischter eng klassesch Erklärung fir de Succès vum FN an der Regioun ACAL. De Sécherheetsdiscours géif eppes dozou bäidroen, mee och traditionell huet déi rietsextrem Partei Succès an Regiounen déi zum Deel an der Kris sinn. "D'Lorraine, virun allem d'Departementer Moselle a Meurthe-et-Moselle sinn industriell Géigenden, an deenen eng grouss Proportioun un Aarbechter lieft, déi an enger Krisesituatioun sinn an domat méi rezeptiv fir en Discours wéi deen vum Front national", sou de Politikwëssenschaftler. 

Den Etienne Criqui kéint sech awer och virstellen, datt de Parti socialiste vum François Hollande Kapital aus dem Virgoen no den Attentater kéint schloen, sou wéi dat verschidde Sondagen och weisen. Fréistens um Owend vum éischten Tour dierft ebessi méi kloer sinn a wéineg Richtung déi 13 franséisch Regiounen an Zukunft wäerte goen. Dës Regionalen sinn déi läscht Wahle virun de Presidentielle vun 2017.

Lauschtert den Dossier vum Christiane Kleer: