Radioen

On air

De Moien  |  Christine And The Queens - Doesn't Matter (Voleur De Soleil)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Reinhard Bütikofer: "Nordstream II ist ein Germany-First-Projekt"

EU-RUSSLAND

Reinhard Bütikofer: "Nordstream II ist ein Germany-First-Projekt"

Eng ganz Partie Europadeputéiert hunn d'Visitt vum EU-Chefdiplomat Josep Borrell zu Moskau als Fiasko bezeechent. Hien ass awer net eleng Schold, seet den Europadeputéierte Reinhard Bütikofer. D'EU misst méi konsequent géigeniwwer Russland optrieden.

auto_stories

2 min

No senger Visitt déi lescht Woch zu Moskau gouf et vill Kritik um EU-Chefdiplomat Josep Borrell. Op enger Pressekonferenz hat de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow de Spuenier virgefouert, andeems hien d'EU als onzouverlässegen Partner dohi gestallt huet. Nach wärend dem héijen EU-Besuch huet Russland dräi westlech Diplomaten ausgewisen.

Méi ewéi 80 Europadeputéiert hunn dono an engem Bréif un d'Kommissiounscheffin d'Demissioun vum Borrell gefuerdert.

Et kéint een net him eleng d'Schold fir dee Fiasko ginn, seet den däitschen Europadeputéierte Reinhard Bütikofer vun de Gréngen. Hien ass Member an der aussepolitescher Kommissioun am Europaparlament.

Déi Visitt wier sécher eng zimmlech "Pleite" gewiescht, sou den Reinhard Bütikofer. A Wierklechkeet hätt awer de russeschen Ausseminister Sergej Lawrow hei een zimmleche Selbstgol geschoss.

Ëmmerhi wier den EU-Chefdiplomat Josep Borrell mat engem héije Mooss un Dialogbereetschaft op Moskau gefuer. Do hätt hien awer däitlech gewise kritt, datt dat op russescher Säit näischt wäert ass, datt den Triumph vun der Bloussstellung méi wichteg wéi de strategeschen Interêt un der EU ass.

Weider Sanktioune géint Russland sinn néideg

Dat misst dozou féieren, datt d'EU adequat reagéiert. An do wieren elo weider Sanktioune fälleg, sou den däitsche Gréngen.

"Die EU muss Russland zeigen: Wir haben durchaus den Anspruch Nachdruck hinter unsere Worte zu bringen. Die EU muss die Glaubwürdigkeitslücke schließen, die im Eigensinn einiger ihrer Hauptstädte liegt."

Och Frankräich a virun allem Däitschland missten hir Haltung par Rapport zu Russland änneren.

De Bau vun der ëmstriddener Gaspipeline Nordstream II misst onbedéngt gestoppt ginn. Dat wier wichteg, souwuel fir d'Relatioun mat Russland, fir déi ënner den EU-Memberlänner a fir dat transatlantescht Verhältnis, seet de Reinhard Bütikofer.

"Nordstream II ist ein Germany-First-Projekt. Das ist diese Art von Rücksichtslosigkeit, die dann mit Behauptungen verbrämt wird, das wäre angeblich eine europäische Angelegenheit. Wenn man in Berlin wirklich auf Europa hören würde, dann hätte man das Ding längst beerdigen müssen. Es schwächt Europa."

Et géif weder eng Majoritéit am Europaparlament, nach an der Kommissioun oder am europäesche Rot ginn. Et wier déi "dickköpfige deutsche Art, dass was man als angebliches deutsches Interesse hält durchzuboxen",esou nach de Reinhard Bütikofer.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.