Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bullion - We Had A Good Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Rekrutement bei der Police ass katastrophal"

Policereform

"Rekrutement bei der Police ass katastrophal"

Dëst Joer kéime vläicht just genuch Kandidaten zesumme fir d'Pensiounsofgäng bei der Police ofzedecken, seet de Pascal Ricquier, President vun der Policegewerkschaft SNPGL. Duerch d'Policereform géifen nei Aufgaben op d'Police duerkommen, si kréich awer net méi Personal.

auto_stories

2 min

De President vun der Policegewerkschaft SNPGL, Pascal Ricquier.

An de leschten zwee Joer hätt een zwar méi Personal kritt, woufir d'SNPGL dem zoustännege Minister Etienne Schneider och Merci seet. Dëst Joer géif een awer mat manner Leit rechnen.

D'Exame vun der Police wieren zwar nach net fäerdeg, mee de Pascal Ricquier weist sech besuergt, datt ee genuch Leit kritt, fir den neien Aufgabe vun der Policereform gerecht ze ginn.

Niveau beim Exame muss erofgesat ginn

Datt déi nei Carrière B1 dëst Joer nach net agefouert gouf, kéint verschidde Leit decouragéiert hunn, hir Kandidatur elo schonn ze stellen. Dee wichtegste Grond wier awer den Opnamexamen. Wie bei d'Police wëllt goen, gëtt ëmmer nach am Lëtzebuergeschen, Däitschen, Franséischen an Englesche getest, während de Sproochentest fir an déi allgemeng Fonction publique ewech gefall ass.

D'Policegewerkschaft SNPGL géif et net gutt fannen, wann den Niveau géif erofgesat ginn. "Mee wa mir dat net maachen, kréie mir keng Leit méi", sou hire President Pascal Ricquier.

Reform muss nogebessert ginn

D'Poliziste wieren zwar iwwer d'Reform, déi zanter dem 1. August a Kraaft ass, informéiert. Et wier een awer nach net ganz fäerdeg mat der Ëmsetzung vun den Ännerungen. "D'Poliziste wëssen nach net ganz, wéi si an Zukunft solle schaffen", esou de Pascal Ricquier.

Ob d'Zesummeleeë vun de verschiddene Kommissariater gutt funktionéiert, misst sech nach weisen. Am Prinzip sollen duerch dës Reorganisatioun d'Poliziste méi entlaascht ginn, doduerch solle si ëmsou méi Präsenz um Terrain kënne weisen. "Dat muss een nach ofwaarden", seet de Pascal Ricquier.

Ënner anerem d'Policegewerkschaft war um Ausschaffe vun der Policereform bedeelegt. Et wier e laange Prozess gewiescht. Um Enn wier Verschiddenes ganz gutt, aner Saache missten nach nogebessert ginn,

Bodycams, déi d'Asäz filmen

Datt Bodycams sollen ageféiert ginn, begréisst de Pascal Ricquier. Am Hierscht soll e Pilotprojet ulafen, fir Poliziste mat klenge Kameraen ze equipéieren, déi da sollen d'Asäz filmen. Den zoustännege Minister Etienne Schneider versprécht sech domat méi Rechtssécherheet fir d'Polizisten.

Am Ausland hätt ee scho positiv Erfarunge mat de Bodycams gemaach, ënner anerem géifen d'Poliziste manner ugegraff ginn, sou den SNPGL-President. Dofir bräicht een hei am Land awer weidert Personal, wat een den Ament net hätt. De grousse Problem wier de legale Kader. "Et steet an et fält mat der Gesetzesgebung", ënnersträicht de Pascal Ricquier.