Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Yussef Dayes - For My Ladies Feat. Rocco Palladino & Charlie Stacey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En EU-Bäitrëtt fir manner Flüchtlingen?

Relatiounen EU-Tierkei

En EU-Bäitrëtt fir manner Flüchtlingen?

Den 29. November hunn sech Tierken an Europäer an der belscher Haaptstad fir ee bilaterale Sommet vun de Staats- a Regierungschef getraff. Eng éischte Kéier zanter 11 Joer, an zanter Bäitrëttsverhandlunge gefouert ginn. Mä iwwer een Accord eraus, an d’Versprieche fir d’Verhandlungen – déi op engem Déifpunkt ukomm sinn – ze relancéieren, konnt dës Reunioun net driwwer ewech täuschen, datt de Bäitrëttsprozess vun der Tierkei an enger Sakgaass stécht. Christiane Kleer/ Kattalin Landaburu

auto_stories

3 min

Syresch Flüchtlingen an engem Camp am tierkesche Suruc (© Bigstock)

Och nom rezente Sommet bleift d'Ambiguitéit tëscht der EU an der Tierkei bestoen. Op den éischte Bléck schéngt d'Situatioun kloer: d'EU setzt op d'Tierkei wann et drëm geet, d'Flüchtlingsproblematik an de Grëff ze kréien. An der Tierkei hir Prioritéit bleift et, d'Bäitrëttsverhandlunge mat der EU erëm un d'Rullen ze bréngen.

Dorop baséiert och den Accord deen um Sommet fonnt gouf. D'EU wëll der Tierkei dräi Milliarden Euro fir den Accueil vu Flüchlingen zoukomme loossen. D'Tierkei mécht sech Hoffnungen. "D'Schlësselkonzept vun eisem Accord ass et, de Bäitrëttsprozess rëm nei ze beliewen", sou dem tierkesch Premier Ahmet Davutoglu seng kloer Wierder zu Bréissel. 

Ënnert den EU-Memberstate klengt dat anescht: hei ass virun allem e geopoliteschen Discours ze héieren, versi mat Sécherheetsargumenter. "Dat wichtegst ass, en Aktiounsplang ze definéiere mat der Tierkei, fir datt Europa an der Flüchtlingskris an an der Syrienfro déi néideg Garantië kritt", dat sot de franséische President François Hollande nom Sommet. 

"Ënnert eiser Dignitéit"

Beim Europaparlament sinn d'Erwaardungen ähnlech. Fir de franséische Sozialist Jean-Paul Denanot, Member vun der "Commission mixte UE-Turquie", ass kloer: eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht EU an Tierkei ass net gläichzesetze mat enger Adhésioun vun der Tierkei. "Et ass eng gutt Iddi, dofir ze suergen, datt d'Tierkei méi Réfugiéen ophëlt, mee dat Ganzt dierf net zu engem Handel ginn an deem Sënn, datt d'Tierkei Flüchtlingen ophëlt a mir dofir d'Tierkei ophuelen", seet de Jean-Paul Denanot. 

Et gesäit de Moment sou aus, wéi wa kee bereet wier, d'Tierkei zu dësem Zäitpunkt ouni weideres opzehuelen – an dat obwuel de Bäitrëttsprozess, deen 2005 uegfaang huet, rëm opgerullt ginn ass. Verschidden Europadeputéiert schwätzen dowéinst och vun Hypocrisie. Zum Beispill den EVP-Deputéierten, Cristian Preda, aus Rumänien. "D'Rapporte mat der Tierkei musse méi kloer gemaach ginn. Et ass ënner eiser Dignitéit, e Land als Kandidat ze deklaréieren, mee et da net sou ze behandelen", seet den Europadeputéierten. 

Eng "Win-Win Situatioun"

De Bahadir Kaleagasi, tierkeschen Expert an internationale Relatiounen a Representant vun der tierkescher Businessfederatioun gesäit dat ähnlech. A sengen Aen ass e Bäitrëtt vun der Tierkei an déi Europäescher Unioun dat eenzegt Mëttel fir den autoritaire Regime am Land ze bremsen, a gläichzäiteg de Schlëssel fir eng wirtschaftlech Relance. "Wann de Bäitrëttsprozess Form unhëlt, da si d'Tierkei an Europa an enger Win-Win Situatioun", sou dem Bahadir Kaleagasi seng Aschätzung. 

Datt e Bäitrëtt vun der Tierkei wierklech geschwënn Realitéit soll gi schéngt awer haut éischter onwahrscheinlech. 

Dësen Bäitrag ass entstann an Zesummenaarbecht mat Euranet Plus – dem gréissten europäesche Radio-Réseau fir EU-Aktualitéit.