Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Staark Entwécklung vu Luxair a Low-cost-Airlines

Lux-Airport

Staark Entwécklung vu Luxair a Low-cost-Airlines

Datt de Fluchhafe Findel sech sou staark entwéckelt, hätt souwuel konjunkturell wéi strukturell Grënn, seet den Interimsdirekter vu Lux-Airport René Steinhaus. 2017 sinn 3,6 Millioune Leit vum Findel aus geflunn, 20 Prozent méi wéi dat Joer virdrun. Déi Rekordwäerter géife mam gudde Wuesstem vum Home-Carrier Luxair zesummenhänken, mee och mat der Entwécklung am Low-cost-Beräich.

auto_stories

2 min

Sou gutt Resultater wéi zu Lëtzebuerg géifen awer op villen europäesche Fluchhäfen gemaach ginn, seet de René Steinhaus. Hie geet awer net dovun aus, datt d'Passagéierzuelen um Findel weider sou wäerte klammen, hie mengt, datt déi Entwécklung sech an den nächste Joren op ronn véier Prozent wäert "normaliséieren".

Et hätt een op de Wuesstem reagéiert, andeems een en zweete Gate opgemaach hunn. Aktuell wier een och am Gaang automatesch Passkontrollen anzeféieren. Op eenzele Punkten, op deenen een eng méi héich Kapassitéit géif brauchen, géif ee versiche méi Qualitéit ze liwweren.

Och personalméisseg géif ee sech parallell zum Wuesstëm verstäerken, sou de René Steinhaus. Zil wier et haaptsächlech fest Kontrakter unzebidden. Interimskontrakter, déi vun de Gewerkschafte regelméisseg kontestéiert ginn, géife just zu Spëtzenzäiten agesat ginn.

Et wier ee sech bewosst, datt dës Entwécklung och Nuisancë mat sech bréngt, sou de René Steinhaus. Déi nei Generatioune vu Fligere géifen awer manner Kaméidi a Knascht maachen. Een Ofschafe vum Nuetsfluchverbuet ass a sengen Aen iwwerdeems "iwwerhaapt net geplangt".

Nom Depart vu sengem Virgänger Johan Vanneste géif et awer elo mol drëms goen, fir fir Stabilitéit ze suergen. Fir weider Decisioune kéint ee sech Zäit loossen, an hie misst sech jo och fir d'éischt emol beweisen, sou de René Steinhaus, deen zanter 2016 Directeur commercial vu Lux-Airport ass.

"Laangfristeg transatlantesch Flich ubidden"

De René Steinhaus gesäit weidert Entwécklungspotenzial am Beräich vun den transatlantesche Flich, et géif zu Lëtzebuerg en entspriechende Bedarf ginn. Och d'Fligerconstructeure géife Lux-Airport hëllefen, et kéime méi "narrow bodies" op de Marché, "déi mir och haut schonn all Dag bei eis um Fluchhafen hunn", an déi och esou Destinatioune géife packen.

Den A321 Long-Range oder de 737 Max wieren interessant Fligertyppen, déi de Moment getest ginn an an de Verkaf kommen. "Déi Fligere géife perfekt bei eis passen, well se vun der Gréisst hier gutt sinn", seet de René Steinhaus. Aktuell géifen et awer nach keng konkret Pläng, "mee laangfristeg gesinn ech, datt d'Zäit an eis Richtung schafft", sou de Lux-Airport-Interimsdirekter.