Radioen

On air

Notturno  |  Hania Rani - Hello

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lëtzebuerg muss sech festleeën"

Wuesstemsmodell

"Lëtzebuerg muss sech festleeën"

Den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, René Winkin, bedauert, datt d'Politik a ville Beräicher paradox Signaler géif senden. Bei der Landesplanung, der Steierpolitik, den Aarbechtszäiten a beim Ëmsetze vun der Rifkin-Etude misst gekläert ginn, op wéi ee Wuesstemsmodell ee wéilt setzen.

auto_stories

4 min

Am Rapport vum US-Beroder Jeremy Rifkin iwwer d'Digitaliséierung vun der Lëtzebuerger Ekonomie gesäit de FEDIL-Direkter vill konkret Pisten, déi een elo direkt kéint ëmsetzen. Zum Beispill eng méi enk Zesummenaarbecht tëscht ëffentlecher Fuerschung an dem Privatsecteur, d'Digitaliséierung vun der Industrie, an d'Energie-Transitioun kéint een direkt ëmzesetzen.

Den "eigentlechen Challenge" ass fir de René Winkin, datt ee sech misst op ee Wuesstemsmodell festleeën. Engersäits géif gesot ginn, datt Lëtzebuerg just op eng kapital- an technologie-intensiv Ekonomie kéint setzen, well et sech eng aarbechts-intensiv Ekonomie net kéint leeschten: "wéinst Wunnen, wéinst Traffic, wéinst der Akzeptanz och vläicht bei de Leit." Gläichzäiteg géif d'Politik awer a ville Beräicher drop bauen, datt vill Aarbechtsplaze geschaf ginn.

Mat der Ëmsetzung vun der Rifkin-Etude an der Landesplanung, missten "déi Paradoxer aus der Welt geraumt ginn". Do géife "stéierend Signaler" ëmmer nees vun der annoncéierter Zilsetzung ofwäichen.

Onkohärent Steierpolitik

Och bei der Steierpolitik géif ee gesinn, datt net kloer ass, op wéi ee Modell d'Regierung setze wëll. Engersäits géif gesot ginn, datt een net méi op d'Steiernichë kéint setzen. D'Budgetspolitik géif awer nach ëmmer staark dorobber tabléieren.

D'Deputéiert haten am Dezember mat grousser Majoritéit eng Resolutioun ugeholl, géint déi eenheetlech Bemiessungs-Grondlag fir d'Besteierung vun Entreprisen an der EU. "58 vu 60 Deputéiert wëllen also am ale Modell bleiwen", kommentéiert de René Winkin. Den Drock vu bausse wier awer grouss, dorobber misst ee sech virbereeden.

D'Chamber huet ënnert anerem argumentéiert, datt déi kleng a mëttel Betriber géife benodeelegt ginn - een Argument, dat de René Winkin net gëlle léisst: "Déi consolidéiert Steierbasis wäert kleng a mëttel Betriber net affektéieren, well et wäert Multinationalë concernéiere vun enger gewësser Gréisst, déi a méi europäesche Länner schaffen."

Aarbechtszäiten: No der Reform ass virun der Reform?

Am Kader vun der Digitaliséierung gëtt elo och iwwer eng Verkierzung vun der Aarbechtszäit diskutéiert. D'LSAP huet eng Diskussioun iwwer d'40-Stonne-Woch lass getrëppelt an d'Chamber muss sech mat enger Petitioun iwwer 30 Deeg Congé am Privatsecteur beschäftegen.

De René Winkin erënnert dorunner, datt eréischt viru Kuerzem d'Reform vum Gesetz iwwer d'Aarbechtsorganisatioun (dat sougenannt "PAN-Gesetz") a Kraaft getrueden ass. "Dat heescht, d'Tënt vum Grand-Duc ass nach net dréchen, da gëtt well a Fro gestallt, wat do gemaacht gouf." D'PAN-Gesetz wier effektiv net enger moderner Aarbechtswelt ugepasst. Wann d'Kritik vun der LSAP esou geduecht wier, kéint ee se also deelen.

D'Diskussioun iwwer d'Aarbechtszäite misst een awer zesumme kucke mat der Fro vum Wuesstemsmodell. Eng Verkierzung vun den Aarbechtszäite géif bedeiten, datt Produktivitéitsgewënner op méi Leit verdeelt ginn. Dat wier also net de Modell, wou manner Leit fir ee gewësse Wuesstem géife schaffen.

Donald Trump: Nach schwéier anzeschätzen

Lëtzebuerg kéint et net gutt fannen, wann ee vu sengen Handelspartner - an d'USA wiere kee klengen Handelspartner - géif "hannerzeg goen". Och hei am Land wiere Betriber, déi als Zouliwwerer schaffe fir Betriber, déi an d'USA exportéieren. Vun dohier ass et der FEDIL "net egal", wat an den USA elo wäert geschéien.

Dat wier awer nach net richteg anzeschätzen, sou de René Winkin. Et misst ee gesinn, wat dem Donald Trump seng Annoncë genee bedeiten. Wa Verhandlungen iwwer Fräihandelsaccorden net méi weider gefouert ginn, da géif dat och den TTIP-Accord mat der EU concernéieren. Wann den neien US-President doriwwer eraus wéilt aktuell Acquisen am fräien Handel a Fro stellt, da kéint eng Spiral vun neien Handelsbarrièren entstoen. Manner Aussenhandel géif dem René Winkin no éischter an d'Aarmut féiere wéi d'Länner virubréngen.

Klima-Accord schaaft fair Konkurrenz

Déi europäesch Industrie wier op fair Konkurrenz ugewisen a géif deemno "ganz staark" dorobber setzen, datt jidderee sech un der Ëmsetzung vum Paräisser Klimaaccord hält. Och dozou wieren d'Aussoe vun der neier US-Regierung bis ewell net eendeiteg. De René Winkin zweiwelt och dorunner, datt et fir d'USA laangfristeg sënnvoll ass, elo net op méi Energieeffizienz a Klimaschutz ze setzen.

Déi lescht Jore wier et den USA wéinst den niddregen Energiepräisser gelongen, fir d'Industrie ze relancéieren. Dat misst "eis schonn eng Warnung sinn, datt een net egal wat ka maachen. Mee dat stellt awer net d'Klimapolitik an Europa a Fro".

EU: Lëtzebuerg muss sech Suerge maachen

Soubal Lëtzebuerg ugefaangen huet industriell ze produzéieren, wier et op ee Bannemaart ugewisen, deen iwwert d'Grenze vum Grand-Duché erausgeet. Op de Brexit a méiglech EU-Austrëtter doriwwer eraus, misst "Lëtzebuerg mat ville Suerge kucken". Wann d'EU géif zerbriechen, hätt d'Land vläicht nees méi Souveränitéit, mat där et awer "net wäit lafe" kéint.

De René Winkin hofft, datt wéinst de Verhandlunge fir de briteschen EU-Austrëtt erkannt gëtt, wat d'Virdeeler vun enger EU sinn, wa se richteg funktionéiert".

FEDIL: Nei Strategie

D'FEDIL huet en neie Logo an eng nei Kommunikatiouns-Strategie: D'Industrielle-Federatioun wëllt sech net méi mat de Gewerkschafte streiden, oder d’Ofschafe vum Index fuerderen - déi Aufgab iwwerhëlt de Patronats-Daachverband UEL.

Amplaz wëll d'FEDIL Lobbyaarbecht maachen am Interesse vun hire 550 Memberen. Notamment wëllt een dozou bäidroen, datt et am Grand-Duché méi einfach gëtt, jonk Talenter ze rekrutéieren.