Rentrée um neien Uni-Campus Belval

©Michel Brumat/Université de Luxembourg

D’Wantersemester op der Uni Lëtzebuerg huet ugefaang. An domadder fir vill Studenten och dat éischt Semester um neie Campus Belval. Déi meescht Fakultéiten an d’Uni-Verwaltung sinn elo op enger Plaz. De Belval Campus huet eng Capacitéit vu ronn 8000 Studenten. Den Ament huele ronn 2200 Studenten d’Offer vun 23 verschiddene Studiegäng an Usproch.

UNI_2015-09-14_Welcome-Day_Reiner-Klump_Vera-Spautz_Georges-Engel ©Michel Brumat/Université de Luxembourg

D'Studenteliewen gëtt méi einfach

Fir d’Rentrée ware gëschter eng 900 Studenten an déi fonkelnei "Maison du Savoir" komm. "Lo kann een och Mol Meetinge maachen, wou een net direkt zwou Stonne verléiert, well ee sech tëscht de Campusse muss hin an hir beweegen", sou ee Student. Bis 2017 sollen et ronn 1300 Studentewunnengen um Campus ginn, den Ament sinn et der ronn 780. Et wier net schwéier gewiescht eng Wunneng ze fannen erkläert eng Studentin aus Tréier: "Ech hu mech einfach um Site vun der Uni ageschriwwen. An no zwee Deeg krut ech d’Äntwert, dass ech eng Wunneng hätt." Fir d’Studenten ze encadréieren an déi nei Studenten ze orientéieren, gëtt et den "Office Student Life", dee fir de Semesteroptakt eng komplett "Welcome Week" organiséiert huet.

UNI_2015-09-14_Welcome-Day_Reiner-Klump_Vera-Spautz_Georges-Engel ©Michel Brumat/Université de Luxembourg

"E Kaddo fir d'Stad Esch"

De Recteur vun der Uni Lëtzebuerg, de Professer Rainer Klump huet d’Uni als "zouverlässege Partner vun der Regioun" bezeechent. Et géif ee sech awer och als "Zentrum vum Wësseschaftssystem vum ganze Land" gesinn: "Mir wëllen och weider mat der Stad Lëtzebuerg zesumme schaffen. Ëmmerhinn si mir nach e puer Joer um Campus Lampertsbierg vertrueden an de Campus Kierchbierg wëlle mir ausbauen." Fir d’Escher Buergermeeschtesch ass den neie Campus vun der Uni um Belval ee vun deene schéinste Kaddoen, deen een enger Stad ka maachen. D’Vera Spautz huet awer och drop higewisen, dass et méi laang gedauert huet, wéi ugangs geplangt, bis d’Uni endlech op de Belval geplënnert ass.

Audio:

Den Dossier vum Maxi Pesch:

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Noriichten

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen