Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Reporter": Een anere Journalismus?

Medien

"Reporter": Een anere Journalismus?

Zwee fréier Wort-Journaliste wëllen en Online-Magazin fir "onofhängege, kriteschen, investigativen a partizipative" Journalismus grënnen. Ee spannende Projet, deen de Mediepluralismus zu Lëtzebuerg stäerke kéint. Als éischt muss e beweisen, datt e sengen héijen Uspréch gerecht ka ginn.

auto_stories

3 min

Pia Oppel

"De Correspondent" an Holland, "Krautreporter" an Däitschland, an elo ganz rezent och "Republik" an der Schwäiz hunn et virgemaach: Wa kleng Equippe vu Journaliste sech zesummendinn an eng aner Zort Journalismus verspriechen, loosse sech séier genuch Leit iwwerzeegen, déi de Projet wëllen ënnerstëtzen. Nach ier Contenu do ass, si si bereet een Abonnement ze huelen. Bei dëser éischter Ronn "Crowdfunding" hëlleft de Bekanntheetsgrad an de Ruff vun den implizéierte Journalisten, grad wéi d'Onzefriddenheet vun den Ënnerstëtzer mat der Medielandschaft.

"Onofhängeg, kritesch, investigativ a partizipativ"

Den Timing fir "Reporter" ze lancéiere kéint an deem Sënn kaum besser sinn. Ëmmerhin ass d'Opreegung ëm de forcéierten Depart vum Wort-Chefredakter Jean-Lou Siweck an d'Amëschung vum Saint-Paul-Verwaltungsrot an d'Alldagsgeschäft vum Wort knapps verklongen. A mam fréiere Wort-Journalist Christoph Bumb steet ee jonkt, mä am Lëtzebuerger Polit-Mikrokosmos wuel bekannt Gesiicht hannert dem geplangten Online-Magazin.

"Onofhängeg, kritesch, investigativ a partizipativ" wëllt "Reporter" sinn. Nei ass dat net onbedéngt. Et gi politesch a wirtschaftlech onofhängeg Zeitungen zu Lëtzebuerg, déi Hannergrondrecherche maachen. Och de radio 100,7 huet deen Usproch an ass doriwwer eraus net op Revenuen duerch Reklammen ugewisen. Als ëffentlech-rechtleche Radio ass e souguer "crowdfunded", ebe mat Steiergelder.

Alternativen nieft etabléierten Acteuren

Dominéiert gëtt d'Medielandschaft awer vun dräi groussen Acteuren: RTL, Saint-Paul an Editpress. Hei bréngen déi kommerziell oder politesch Interessie vun den Aktionäre Contraintë fir d'Berichterstattung mat sech. Datt jonk, motivéiert Journalisten net onbedéngt mengen, datt si hei hiren Dram vun enger anerer Zort Journalismus kënnen erfëllen, ass novollzéibar. Deemno och de Wonsch, nei Alternativen ze schafen.

En éischten Test, ob et eng reell Demande fir de Projet gëtt, ass d'Crowdfunding-Initiativ, déi "Reporter" deemnächst wëll lancéieren. Et kann awer gutt sinn, datt dës éischt Hürd, déi einfachst ass. Déi eigentlech Erausfuerderung besteet doranner, fir d'Versprieche vun engem "anere Journalismus" duerno laangfristeg anzeléisen.

Erausfuerderungen

An dat hänkt vun enger Rei, deels ganz prakteschen, Froen of. Zum Beispill, ob "Reporter" an deem klenge Lëtzebuerg genuch qualifizéiert Journaliste fënnt, déi bereet sinn, sech op d'Experiment anzeloossen.

Da stellt sech d'Fro a wéi engem Verhältnis um Enn de Präis vum Abonnement zur Quantitéit vun interessantem Contenu steet. Investigativ Recherchen, d'Geschichten hannert der Alldagshektik a spannende Storytelling verlaange vill Zäit. Déi um Ufank viraussiichtlech kleng Journalisten-Equipe muss hir Lieser also drop gefaasst maachen, datt net regelméisseg Meeschterwierker geliwwert ginn. De Risiko ass, datt d'Begeeschterung bei de Lieser séier noléisst. Den däitschen Online-Magazin "Krautreporter" huet a sengem zweete Joer zwee Drëttel vun den Ënnerstëtzer verluer.

Dann hu kleng Publikatiounen et besonnesch schwiereg, fir eng Äntwert op déi komplizéiert Sproochesituatioun am Land ze fannen: Den Ament presentéiert de Site "Reporter.lu" sech op Däitsch a schléisst domadder vill potentiell Lieser aus.

Beräicherung fir de Mediepluralismus?

A wann de Projet säin Usprooch Eescht hëlt, fir investigative Journalismus ze maachen, stellt sech d'Fro, wéi gutt een als kleng Equipe opgestallt ass, fir sech géint Aschüchterungs- a Instrumentaliséierungsversich vu baussen ze wieren.

Konkurrenz belieft d'Geschäft. Wa "Reporter" et also fäerdeg bréngt, all dës Defien ze meeschteren, da kéint de Projet eng kleng, mä wierkungsvoll Beräicherung fir de Mediepluralismus am Land bedeiten.