Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Residenzklausel bei Gemengewale gëtt ofgeschaaft

Walrecht

Residenzklausel bei Gemengewale gëtt ofgeschaaft

Net-Lëtzebuerger mussen an Zukunft net méi fënnef Joer am Land gewunnt hunn, fir bei Gemengewalen deel ze huelen. Och den Delai, fir sech an d'Wielerlëscht anzeschreiwen, gëtt verkierzt.

auto_stories

2 min

Lauschterenplay_arrow


Lëtzebuerg ass dat eenzegt Land an der EU mat dëser Residenzklausel fir Auslänner: Net-Lëtzebuerger mussen aktuell fënnef Joer am Land gelieft hunn, ier datt si sech op d'Wielerlëscht aschreiwe kënnen.

An Zukunft gëtt dës Klausel fir Awunner aus aneren EU-Länner, grad wéi Drëttstaaten opgehuewen. D'Ministerinne Sam Tanson, Corinne Cahen an Taina Bofferding hunn den entspriechende Projet de loi de Mëtteg virun der Press presentéiert.

Bei de Gemengewalen 2017 hätte sech 75.226 Persounen net op d'Wielerlëscht androe kënnen, well se dës Klausel net erfëllt haten.

Et kritt een deemno direkt d'Walrecht, wann ee sech bei der Gemeng umellt.

Participatioun an Integratioun stäerken

Weider gëtt den Delai fir sech op d'Wielerlëscht anzeschreiwe vu 87 op 55 Deeg virun de Wale verkierzt: et huet een deemno méi Zäit, fir sech anzeschreiwen.

D'Modifikatiounen am Walgesetz wiere wichteg fir d'Participatioun vun Net-Lëtzebuerger an déi Lokalpolitik ze stäerken, esou déi dräi Ministerinne virun der Press.

D'Justizministerin Sam Tanson ënnersträicht, datt Auslänner aktuell zwar schonn d'Recht hu fir bei Gemengewalen deel ze huelen, mee et géifen nach eng Rëtsch Hürde ginn. "Déi Hürde setze mir elo erof."

Aktiv a passiivt Walrecht gëtt adaptéiert

Net-Lëtzebuerger misste sech awer weider an d'Wielerlëscht aschreiwen. Och fir gewielt ze ginn, muss ee sechs Méint an der Gemeng gewunnt hunn. "Et ass e Facteur vun der Integratioun an Zougehéiregkeet", esou d'Sam Tanson.

D'Angscht, datt Leit just kuerz "de passage" am Land wieren an dann hir Stëmm ofginn, nee duerno näischt méi mam Land ze dinn hunn, deelt d'Justizministerin net. Et géif nach ëmmer en Delai gi fir sech an d'Wielerlëschten anzeschreiwen. Déi Demarche missten d'Leit nach selwer maachen, et misst een also e richtegen Interêt hu fir sech ze bedeelegen, esou d'Sam Tanson.

D'Zuel vun de Gemengeréit a Schäffen an enger Gemeng gëtt an Zukunft de Registre national des personnes physiques benotzt - eng Fuerderung, déi ënner anerem d'Gemenge selwer gefuerdert hunn.

Déi nächst Gemengewale sinn den 11. Juni 2023 - well d'Chamberwalen am Oktober vum selwechte Joer sinn, gouf deen Datum no vir gezunn.