Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Net nëmme Leit, och Mikrobe reesen"

Gesondheet

"Net nëmme Leit, och Mikrobe reesen"

Ëmmer méi dacks kënnt et vir, datt verschidden Antibiotiquë bei bakteriellen Infektiounen net méi uschloen. D’Erreger si resistent. Dat ass e grousse Problem: Wann d’Antibiotiquen net méi wierken, kënne scho kleng Infektioune grousse Schued uriichten a souguer zum Doud féieren. Mee et gi Léisungen.

auto_stories

6 min

Ëmmer méi dacks kënnt et vir, datt Antibiotiquen net uschloen

Viru Kuerzem huet et an den internationale Medie geheescht, d'Zäit vun den Antibiotiquë wier geschwënn eriwwer. De Grond: Chinesesch Fuerscher hunn erausfonnt, datt een Antibiotique mam Numm Colistin zum Deel net méi wierkt. Bei verschiddene Leit goufe Resistenze géint dëst Medikament festgestallt. Dobäi ass Colistin e sougenannte Reserve-Antibiotique: E soll also nëmmen dann agesat ginn, wa soss keen aneren Antibiotique méi uschléit.

Firwat? "Et gi Bakterien, déi vu sech aus resistent sinn, mee een aner Grond fir Resistenzen ass ee schlechte Gebrauch vun Antibiotiquen, zum Beispill a Spideeler an an der Déiereproduktioun", erkläert de Jakob Zinsstag, Dokter um Schwäizer Tropeninstitut zu Basel.

De Colistin gouf vill bei den Notzdéieren agesat. Mee duerch d’Consommatioun vum Fleesch zum Beispill, konnten déi resistent Erreger op d’Mënschen iwwergoen. D’Situatioun wier bedréckend, fënnt den Direkter vun der Santé, den Dr. Jean-Claude Schmit. Resistenze géifen et och zu Lëtzebuerg ëmmer méi dacks ginn, an et géing ëmmer méi dacks virkommen, datt Antibiotiquen net méi uschloen.

Lëtzebuerg: "Ëmmer méi grousse Problem"

"Wéi all aner europäesch Länner komme mir a Situatiounen, wou de Risiko opkënnt, datt d'Leit schlussendlech un hiren Infektioune stierwen, an dat kéint an Zukunft vill méi ee grousse Problem ginn". De Jean-Claude Schmit seet awer och, gréisser Schwieregkeete kéinte meeschtens nach mat engem Reserve-Antibiotique bekämpft ginn.

Wat kann een also maachen, fir d’Situatioun an de Grëff ze kréien? Fir de Manuel Battegay, Chef vun der Infektiounsmedezin op der Uniklinik zu Basel ass kloer, datt nach ëmmer vill ze vill Antibiotiquë verschriwwe ginn, souwuel bei de Leit, wéi bei den Déieren. "Wichteg ass dowéinst, datt all d'Acteure sech un een Dësch setzen a no Verbesserunge sichen", sou de Manuel Battegay. De Medeziner gesäit awer virun allem an der Landwirtschaft nach Sensibiliséierungspotenzial, "Bei deenen, déi déi riseg Déierefarmen hunn, ob et elo Gefligel, Ranner oder Schwäi sinn".

Et feelt eng Datebank

Zu Lëtzebuerg wéilt ee méi staark mam Landwirtschaftsministère zesummeschaffen, fir den Asaz vun den Antibiotiquë besser ze koordinéiere, seet de Jean-Claude Schmit. Schonn elo géingen d’Donnéeë vun de Medikamenter, déi d’Déierendoktere verschreiwen, gesammelt ginn. Dëse System misst awer nach ausgeschafft ginn.

De Gesondheetsministère wëll och versichen, d’Opkomme vu Resistenzen op d’Antibiotiquë bei de Leit besser z’iwwerwaachen. Déi eenzel Spideeler a Laboratoirë sammelen zwar Donnéeën zu de Resistenzen. Wat feelt, wier awer eng zentral Datebank, déi mat dësen Donnéeë gefiddert gëtt, fir datt ee genee Statistike kéint opstellen.

Besser Opklärung néideg

Nieft der Iwwerwaachung misst awer och weider un der Kommunikatioun an der Opklärung geschafft ginn, fënnt de Jean-Claude Schmit "bei den Dokteren, bei de Veterinären, de Baueren an de Patienten". An do wier Gedold gefrot: "Et muss een déi Messagen ëmmer erëm widderhuelen, well et brauch eng laang Zäit, bis se verstane sinn, a si ginn och erëm séier vergiess".

De Problem vun de Resistenze wier awer net an de Grëff ze kréien, wann nëmmen op nationalem Niveau Mesurë geholl ginn, gëtt de Jean-Claude Schmit ze bedenken. "Net nëmme Leit reesen, och Mikrobe reesen". Asien gëlt, dem Jean-Claude Schmit no, als "grousse Problem". Antibiotiquë géifen do deelweis falsch benotzt ginn, dowéinst wiere Resistenzen an Asien och vill méi staark verbreet. "Et geet duer, datt een dohi reest an een do mat deene Mikroben a Kontakt kënnt. Da gëtt ee koloniséiert vun de Mikroben a bréngt se mat an Europa.

Verschidden Organisatiounen, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun an d’UN, setze sech mëttlerweil fir global Programmer an. Fir de Jean-Claude Schmit ass kloer: Eng weltwäit Zesummenaarbecht ass noutwenneg. Soss wier de Problem vun de Resistenzen net méi an de Grëff ze kréien.