Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bobbi Lu - Vacuum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ respect.lu: Radikaliséierung baséiert op falschem Demokratieverständnis

Corona-Demonstratiounen

respect.lu: Radikaliséierung baséiert op falschem Demokratieverständnis

Déi rezent Radikaliséierung vun de Corona-Protester baséiert op engem falschen Demokratieverständnis, esou d'Karin Weyer. D'Direktesch vum Centre contre la radicalisation respect.lu ënnersträicht, datt et an enger Demokratie Reegele ginn, déi fir jiddweree gëllen, an net just fir déi aner: däers wieren eenzel Demonstrante sech offensichtlech awer net bewosst.

auto_stories

2 min

D'Karin Weyer ass

Mat den Tëschefäll e Samschdeg hätt d'Radikaliséierung zu Lëtzebuerg en neie Niveau erreecht, esou d'Direktesch vu respect.lu op eiser Antenn. D'Karin Weyer hofft, datt d'Zesummeliewen a Proximitéit, wéi mer et hei am Land gewinnt sinn, net verschwënnt, an d'Lëtzebuerger Politiker, sou wéi am Ausland, net geschwë permanent mat Persouneschutz mussen ënnerwee sinn.

Et wier absurd vun den Demonstranten, datt si vun der Fräiheet vun der Demokratie profitéiere fir op d'Strooss ze goe fir dann ze jäizen, datt d'Demokratie dout wier, seet d'Karin Weyer:

"[A]n do gëtt et en net staark genucht Bild, wat Demokratie ass, wat se eis u Fräiheete bitt. Mir dierfe manifestéiere goen, mir dierfen eis Meenung äusseren, mir dierfen och Quatsch erzielen: dat alles erméiglecht d'Demokratie. A vill Leit, mengen ech, si sech net bewosst, wat dat ass, a soe mir wieren a kenger Demokratie méi. Mee wa mer a kenger Demokratie wieren, kéinte se dat, wat se maachen a soen, net soen."

Reegele fir jiddwereen

D'Demonstrante géifen awer ignoréieren, datt eng Demokratie op Reegele fir jiddweree baséiert. Fir an engem demokratesche System ze manifestéiere gëtt et kloer Reegelen, ënnersträicht d'Karin Weyer:

"[D]o mellt ee seng Demonstratioun un, et beschwätzt ee mat der Police wéi den Trajet ass, d'Police huet Uspriechpartner - dat ass alles net geschitt. D.h. dat si souwisou scho Leit, déi entweder nach ni matgaange sinn bei Maniffen, déi net wëssen, wéi dat funktionéiert, an och esou en Usproch hu wéi wann een alles dierft. Wéi wann Demokratie géif heeschen: et gi guer keng Reegelen; fir mech ginn et guer keng Reegelen, fir déi aner: jo."

Bei der Maniff wieren awer vill Leit "déi an der Mëtt sinn", an déi misst ee rappelléieren, wéi Demokratie funktionéiert: et kéint ee sech op ënnerschiddlechen Niveauen engagéieren: iwwer Walen, iwwer Parteien, Gewerkschaften an ASBLen. Et kéint een um demokrateschen Discours deelhuelen, mee d'Demokratie misst sech och ee Stéck méi wäit opmaachen a misst méi participativ ginn, esou d'Karin Weyer.

D'Karin Weyer kritiséiert awer och eenzel Aussoen vu Geimpften iwwer Net-Geimpfter: Nach géif et keng Impfflicht ginn, dofir wier et nach ëmmer jiddwerengem säi Recht sech net impfen ze loossen. Wichteg wier et virun allem, mateneen am Gespréich ze bleiwen