Radioen

On air

Resonanzen  |  D'Zesummenaarbecht gëtt verdéift

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Kampfofstëmmung" am Staatsrot

Rettungsdéngschter

"Kampfofstëmmung" am Staatsrot

Am Staatsrot ginn et eisen Informatiounen no Meenungsverschiddenheeten iwwert den Avis zur Reform vun de Rettungsdéngschter. Méi Sourcen no ass dee kriteschen Avis net eestëmmeg vum Staatsrot ugeholl ginn - wat nëmme seele virkënnt.

auto_stories

1 min

Normalerweis gëtt am Staatsrot mat Unanimitéit iwwer d'Avisen ofgestëmmt

Zwou gutt informéiert Sourcë schwätze vun enger "Kampfofstëmmung". Den Avis iwwer d'Reform vun de Rettungsdéngschter wier net iwwerschafft ginn, obwuel verschidde Memberen den Text léiwer inhaltlech geännert hätten. Anescht wéi soss an esou Fäll, hätt de President vum Staatsrot et trotzdem op e Vote ukomme gelooss.

Wei d'Votte vum Staatsrot ausginn, ass net ëffentlech. Am Moment gëtt awer driwwer diskutéiert, dat ze änneren: D'CSV ass neierdéngs dofir, d'Stëmmverhale public ze maachen. D^'Regierungsparteien LSAP, DP an déi gréng si bis elo géint dës Propose.

Verstouss géint d'Gemengenautonomie?

Den Avis iwwer d'Rettungsdéngschter, deen den Dënschdeg, 24. Januar verëffentlecht gouf, ass ganz kritesch géintiwwer der geplangter Reform vun de Rettungsdéngschter, déi vum Inneminister Dan Kersch (LSAP) ausgeschafft gouf.

De Staatsrot ass net domat averstanen, fir déi national Rettungsdéngschter an engem Etablissement Public ze regruppéieren. Dat géif géint de Prinzip vun der Autonomie vun de Gemenge verstoussen.