Radioen

On air

Nei Musek  |  Véier spektakulär nei Instrumentalstécker

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Revirement bei der Mandatserneierung

Medienopsiicht ALIA

Revirement bei der Mandatserneierung

Enn Februar hat de Verwaltungsrot vun der Iwwerwaachungsautoritéit nach decidéiert, datt de Romain Kohn fir weider fënnef Joer sollt Direkter bleiwen. Dës Woch gouf déi Decisioun revidéiert.

auto_stories

2 min

Et gouf ee Revirement an der Fro vun der Mandatserneierung vum ALIA-Direkter Romain Kohn. De 25. Februar hat de Verwaltungsrot vun der Iwwerwaachungsautoritéit eisen Informatiounen no nämlech decidéiert, datt d'Mandat fir weider fënnef Joer sollt erneiert ginn.

De Staatsministère krut den 21. Mäerz e Bréif betreffend der Nominatioun vum Direkter vun der ALIA, wéi mir vum Staatsministère op Nofro hi confirméiert kruten. Dës Woch huet d'ALIA de Ministère dunn an engem neie Courrier gebieden, déi deemoleg Decisioun net méi zur Kenntnis ze huelen.

Firwat huet de CA seng Meenung geännert?

Zur Fro, firwat de Verwaltungsrot seng Meenung esou kuerzfristeg geännert huet, seet den ALIA-President Thierry Hoscheit, et hätt een zanter Februar eng "méi déifgräifend Reflexioun iwwer den interne Fonctionnement vun der ALIA" geféiert. Déi Reflexioun hätt een zwar schonn éischter ugefaangen, mee elo nach weider geféiert.

Béid Decisioune vum Conseil, déi vum 25. Februar an déi vum 13. Mee wieren eestëmmeg vun de fënnef Verwaltungsrotsmembere geholl ginn.

Den Thierry Hoscheit bleift op Nofro hi formell, datt d'Net-Erneierung vum Mandat näischt mam Konflikt Ufank Mee tëschent der ALIA an RTL wéinst den Europawahlspotten ze dinn hätt.

De Romain Kohn wëll sech op Nofro hin net äusseren. De Lëtzebuerger Journal hat geschriwwen: "Kohn selbst wollte die Entscheidung des Verwaltungsrats nicht weiter kommentieren, dementierte aber einen Zusammenhang mit der Affäre um die Nicht-Ausstrahlung von französischen Wahlwerbespots bei RTL.". De Romain Kohn seet op eis Nofro hin, hien hätt guer net mam Lëtzebuerger Journal geschwat well hie géif d'Affär net kommentéieren.

"Zur Autokritik fäeg"

Datt d'ALIA hir Meenung geännert huet, ass fir den Thierry Hoscheit kee Risiko fir de Ruff vun der Medienopsiicht. Et wier de "Beweis, datt een zur Autoreflexioun an zur Autokritik fäeg ass."

De Romain Kohn ass zanter Juni 2014 Direkter vun der onofhängeger Autoritéit, déi fir d'Iwwerwaache vun den audiovisuelle Medien zu Lëtzebuerg zoustänneg ass. Säi Mandat geet dëse Mount op en Enn.


Detailer mam Pia Oppel:

Lauschterenplay_arrow