Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Richteg Patrioten"

Déi Konservativ

"Richteg Patrioten"

Den ADR wär eng Partei, déi de Patriotismus géing mëssbrauchen, seet de Joé Thein, fréieren ADR-Gemengeconseiller vu Péiteng. Member a senger neier Partei ass den Timon Müllenheim, bekannt als Rietsextremen. Hie géif bei déi Konservativ resozialiséiert ginn an hätt eng Chance verdéngt, seet de Joé Thein.

auto_stories

2 min

De fréieren ADR-Gemengerot vu Péiteng war selwer no engem disziplinaresche Verfaren aus der ADR ausgeschloss ginn. Dorops huet hien eng nei Partei gegrënnt: déi Konservativ, déi gëschter hiren Nationalkongress hat. déi Konservativ wëlle fir déi nächste Chamberwahlen eng Lëscht am Süden opstellen. Et wär eng patriotesch Partei, esou de Joé Thein, beim ADR wär dat net de Fall.

De politesche Géigner ADR

"Den ADR ass eng Partei, déi de Patriotismus aus populisteschen Ursaache mëssbraucht", seet de Joé Thein. Den ADR géif de Patriotismus net richteg verstoen. Et wier him net gelonge fir d'Partei, an där hie fréier Member war, op de richtege Patriotismus an op déi konservativ Wäertephilosophie ëm z'orientéieren. "Patriotismus ass eng Grondastellung, déi sech an der Léift fir dat eegent Land ausdréckt, an a Vëlkerfrëndschaft zu anere Länner". D'ADR hätt keng Eegeléift, da kéint se och keng Léift fir anerer hunn.

De Rietsextremist Timon Müllenheim

Member vun der neier Partei déi Konservativ ass och de Timon Müllenheim, deen op de soziale Medie fir auslännerfeindlech Aussoe bekannt ass an als Member an auslännerfeindlechen a rietsextremen Organisatiounen opgetratt ass. Et misst een dem Timon Müllenheim eng Chance ginn, hie géing bei de Konservative resozialiséiert ginn, esou de Joé Thein, dee seng Partei vum rietsextremen a Bord a vum Populismus ofgrenze wëllt.