Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ried zur Lag vun der Natioun

USA

Ried zur Lag vun der Natioun

​Den US-President ass stolz op seng éischt zwee Joer am Wäissen Haus an huet dat och net verstoppt. Mee säi bombastesch aggressiven Troun, dee sollt hien u sech doheem loossen an am Plaz am amerikanesche Kongress e Message vun Unitéit beschreiwen.

auto_stories

3 min

Dës Unitéit ass him net ëmmer gelongen. Sou sot hien ënner anerem, datt et e "Wirtschaftswonner" an den USA géif ginn, an datt deem just "domm Kricher, d'Politik, oder ridicule politesch Enquêten" an de Wee kéinte kommen.

"Wa mir Fridden a Gerechtegkeet wëllen, da kënne mir keng Kricher an Enquêten hunn. Esou geet dat net." Datt e President an enger Ried zur Lag vun der Natioun oprifft, Enquêtë géint hien ze stoppen, dat ass eng Raritéit.

Wahlversprieche vun der Mauer

Dës Ried ass just nom Enn vum längste Shutdown an der Geschicht vun den USA komm. De Stëllstand vun engem Deel vun den amerikanesche Ministèrë koum wéinst engem Budgetssträit. Et goung och drëms eng Mauer op der Grenz tëschent den USA a Mexiko ze bauen. E Wahlversprieche vum Trump, dat hien nees opbruecht huet. Seng Regierung hätt dem Kongress e Plang dofir geschéckt, eng Propos fir d'Kris op der Grenz mat Mexiko op en Enn ze bréngen.

"Méi humanitär Hëllef ass virgesinn, méi Police, eng Sich no geschmuggelten Drogen op eise Grenzen, Gesetzer déi d'Schmuggele vu Kanner verbidden, an nei Pläng fir eng physesch Barrière, oder eng Mauer, fir déi laang Strecken tëschent eise Grenziwwergäng ze beschützen. An der Vergaangenheet hunn déi meescht Leit an dësem Sall fir eng Mauer gewielt, mee déi Mauer gouf ni gebaut. Ech wäert déi Mauer bauen."

Applaus gouf et do vun der demokratescher Säit vum Sall natierlech net.

Eppes war nei dëst Joer: d'Demokraten hunn d'Kontroll am Representantenhaus. De President huet dat an engem gewëssene Sënn hei manifestéiert. "Genee ee Joerhonnert nodeems de Kongress d'Konstitutioun geännert huet a Fraen d'Wahlrecht ginn huet, hu mir elo méi Fraen am Kongress, wéi jee virdrun an eiser Geschicht."

Aussepolitik ass wichteg fir den Donald Trump

Den Donald Trump huet e wichtegen Deel vu senger laanger Ried der Aussepolitik dediéiert. Esou huet hien offiziell annoncéiert, datt hien Enn des Mounts an de Vietnam reest fir sech eng zweete Kéier mam Kim Jong Un ze treffen.

Weider huet hien de Réckzuch vun amerikaneschen Truppen aus Syrien ugedeit a sech fir e friddlecht Enn vum Krich am Afghanistan agesat.

D'Reaktioun vun den Demokraten

Traditionell gëtt et ëmmer eng Reaktioun an engem ähnleche Format vun den Demokraten. Dëst Joer war d'Stacey Abrams un der Rei. Si hat an de leschte Wahle fir den neie Gouverneur vum US-Staat Georgia knapps verluer. Si huet sech enttäuscht vum Donald Trump senger Approche zu den amerikanesche Problemer gewisen, mee si wéilt awer net, datt hie scheitert. "Hie muss d'Wourecht soen a säin Amt respektéieren an déi immens Diversitéit, déi Amerika definéiert, respektéieren."

D'Abrams huet och iwwer Theme geschwat, déi den Donald Trump net ugeschwat huet: ënner anerem Waffegesetzer, d'Rechter vun den homosexuellen Amerikaner, an de Klimawandel. Dofir hat den Donald Trump a senger Ried vu knapps 90 Minutte keng Plaz fonnt.