Radioen

On air

De Weekend  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee Selbstportrait vun der Regierung

Lag vun der Natioun

Ee Selbstportrait vun der Regierung

D'Ried zur Lag vun der Natioun 2016 ass eriwwer an huet - ausser bei de Koalitiounsmemberen - nëmme wéineg Begeeschterung ausgeléist. An enger éischter Phas gouf et villméi Kritik. Iwwreg bleiwe wéineg grouss Messagen, mee dofir eng Zort Bilan, respektiv ee Selbstportrait vun der Regierung.

auto_stories

5 min

Ried zur Lag vun der Natioun 2016: De Premier Xavier Bettel an d'Regierung mat engem Selbstportrait

Dem Xavier Bettel seng Ried zur Lag vun der Natioun huet engem Exposé geglach oder enger net ganz kompletter Opzielung vun deem, wat dës Regierung amgaang ass mat Schaffen. Mat der Konklusioun, datt op d'mannst déi nächst Méint am Zeeche vun der Kontinuitéit solle stoen. "Ech wäert net bei all Ried zur Lag vun der Natioun eise Regierungsprogramm nei erfannen", sot de Xavier Bettel no senger Ried d'lescht Joer an engem Interview am Quotidien. An deem Sënn huet de Premier Wuert gehal.

Am selwechten Interview sot de Xavier Bettel awer och, hie géing all Joer - bei der Ried zu Lag vun der Natioun - de Point maachen, wou d'Regierung drun ass an ukënnegen, wat fir ee Programm fir déi nächst zwielef Méint usteet. Op dësem Punkt war d'Ried vu gëschter am Ongläichgewiicht. D'Ried zu Lag vun der Natioun war manner ee Bléck an d'Zukunft a méi een état des lieux, respektiv ee Réckbléck op dat, wourop déi blo-rout-gréng houfreg ass.

Positiv Zuelen

​D'Regierung huet also no zwee an engem hallwe Joer um Pouvoir e Bilan gezunn, dee wéineg selbstkritesch an trotzdem gewollt objektiv an net gezwonge positiv ausfält. Fir déi besser economesch a sozial Situatioun vum Land ze beschreiwen, huet de Premier ee méi niddrege Chômagetaux erwähnt oder nach d'Entwécklungen am Beräich vun den Informatiouns- a Kommunikatiouns-Technologien an déi gutt Positioun vum Grand-Duché an den internationale Klassementer iwwert d'Kompetitivitéit.

De Xavier Bettel huet vun de "wichtege" Klassementer geschwat, mee just de World Competitiveness Yearbook zitéiert an deem Lëtzebuerg op déi fënneft Plaz kënnt.

Emotional

Als Géigegewiicht zum Zuelematerial stoungen Aussoen, déi op engem méi emotionale Niveau solle spillen. "Et sinn awer (...) déi eenzel Schicksaler, déi mech och beweegen an déi mech net kal loossen", esou de Xavier Bettel, wéi hie sech gär gesäit, als Premier, dee no bei de Mënschen ass. Et wieren d'Suergen, d'Ängscht an d'Hoffnunge vun de Leit, déi hie géingen undreiwen.

​Méi dréchen war dogéint d'Ausso iwwert d'Flüchtlings-Problematik. D'Regierung hätt hir Responsabilitéit geholl andeems se den zoustännege Ministèren an Administratiounen déi néideg personell a budgetär Moyene ginn hätt an andeems se sech fir eng europäesch Approche staark gemaach hätt.

Konkretes

Eenzeg grouss konkret Annonce gëschter war d'Annonce, datt d'Regierung bei der Reform vum Aarbechtszäitgesetz tranchéiert huet. En Echange fir méi Congé fir d'Salariéen, gëtt d'Referenzperiod vun engem op véier Méint verlängert. "Dat ass dat, wat d'Patronat gefrot huet a wat d'Betriber och brauchen", sou de Premier.

Ausser wéineg konkret Aussoen iwwer dat neit Naturschutzgesetz an a Saache Renaturéierung an Héichwaasserschutz, gouf et wéineg Neits iwwert Ressorte vun déi gréng. An een DP-Ressort falen Ukënnegungen am Beräich vum Logement, dorënner eng 100 Hektar nei Wunnfläch op Industriefrichen, déi d'Regierung mat ArcelorMittal ausgehandelt huet. A sengen eegene Ressorte gouf et mol keng Bestandsopnam, zum Beispill a Saachen "accès à l'information" oder Pressehëllef, grad wéi Trennung vu Kierch a Staat. Och d'Kulturpolitik war nëmmen ee Randthema.