Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Daniel Balthasar - Somebody's Somebody

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rietspopulismus an Däitschland: "Gekommen um zu bleiben"

Fräie Mikro

Rietspopulismus an Däitschland: "Gekommen um zu bleiben"

An Däitschland gouf de leschte Mount en neie Bundestag gewielt. No hirem Walerfolleg vun 2017 koum déi rietspopulistesch Alternative für Deutschland (AfD) dobäi just nach knapps op een zweestellege Prozentsaz. D'Partei sollt awer op kee Fall ofgeschriwwe ginn, mengt am Fräie Mikro d'Politikwëssenschaftlerin Léonie de Jonge vun der Uni Groningen.

auto_stories

3 min

Bei de Bundestagswale vun 2017 koum d'AfD mat 12,6 Prozent vun de Stëmmen als drëttstäerkst Partei fir d'éischte Kéier an dat däitscht Parlament. Dëst Joer koum d'Partei mat ronn 10 Prozent just nach op déi fënneft Plaz. Domat verléiert d'AfD hir Roll als gréisst Oppositiounspartei.

Well Zesummenaarbecht mat der AfD schonn am Viraus vun anere Parteien ausgeschloss gouf, spillt si och bei de Koalitiounsverhandlunge momentan keng Roll. D'AfD gëtt dann och allgemeng als ee vun de grousse Verléierer vun dëse Wale bezeechent.

Keng "normal" Partei

Dat Bild stëmmt awer net ganz. D'AfD huet déi lescht Joren domat verbruecht sech institutionell an der Parteielandschaft ze verankeren. Sou huet si zum Beispill eng politesch Stëftung an d'Liewe geruff - d'Desiderius-Erasmus-Stëftung - déi sech ënner anerem ëm d'Finanzéierung vu Recherchen a Stipendie këmmert.

Wann eng Partei an Däitschland fir d'zweet am Bundestag sëtzt, kritt hir Stëftung traditiounsgeméiss signifikant finanziell Subside vum Staat zur Verfügung gestallt. Dat ass u sech net problematesch; all Partei, déi am Bundestag ass, huet esou eng Stëftung.

D'AfD ass awer keng "normal" Partei: et ass eng rietsradikal Partei, déi zum Deel och rietsextreem an antidemokratesch Tendenze verkierpert. Well déi däitsch Verfassung all Forme vun Extremismus verbitt, gi verschidde Memberen a Fraktioune vun der AfD scho méi laang vum Däitsche Verfassungsschutz observéiert. Genau dës Partei kéint elo - trotz e puer verluere Mandater am Bundestag - Milliounen u Steiergelder kréie fir hir Iddien ze verbreeden.

Zesummenaarbecht tëschent AfD an Unioun?

Donieft stellt sech d'Fro, ob déi etabléiert Parteien an Zukunft weiderhin un hirem Cordon sanitaire ronderëm d'AfD wäerte festhalen. Ënner der Angela Merkel war et kloer, datt déi Zentrum-riets Unioun vun CDU an CSU nimools mat der AfD géif zesummeschaffen. Eng Post-Merkel CDU kéint sech dat awer iergendwann anescht iwwerleeën.

Dee Risiko ass besonnesch grouss op lokalpoliteschem Niveau am Oste vun Däitschland, wou d'AfD immens populär ass. Obwuel d'AfD op nationalem Plang e puer Prozentpunkte verluer huet, konnt d'Partei am Osten nämlech uerdentlech zouleeën. A Sachsen an an Thüringe war d'AfD souguer déi stäerkst Partei mat bal 25 Prozent vun de Stëmmen.

Déi etabléiert Parteie mussen d'Wieler aus dem Oste méi eescht huelen

Dem Politikwëssenschaftler Manès Weisskircher no ginn et verschidden Ursaache fir déi staark regional Ënnerscheeder. Eng dovunner ass e Manktem u politescher Representatioun. Obwuel Ost- a West-Däitschland scho viru méi wéi 30 Joer vereenegt goufen, sinn d'Leit aus dem fréieren Osten ëmmer nach staark ënnerrepresentéiert an Top-Positiounen an der Fuerschung, Medien, an an der Politik.

Och ekonomesch gesi geet et dem Oste vun Däitschland laang net sou gutt wéi dem Westen. Déi ekonomesch Divergenze gesäit een och am Sport; et ass zum Beispill keen Zoufall, datt déi däitsch Bundesliga vun Ekippen aus Westdäitschland dominéiert gëtt. Sondagen no fillen dann och tëscht 60 a 70 Prozent vun den Ostdäitsche sech als zweetrangeg Bierger an hirem Land. Ënner AfD-Wieler an Ostdäitschland sinn dat der souguer nach méi.

Soulaang déi etabléiert Parteien et net fäerdeg kréien, d'Wieler am Oste vun Däitschland méi eescht ze huelen, wäert d'AfD an dëser Regioun weider wuessen. Och wann d'AfD also e puer Mandater verluer huet bei dëse Wale soll d'Partei also op kee Fall virzäiteg ofgeschriwwe ginn.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.