Riicht Eraus: Flüchtlinge wëllkomm?

Wéi soll d’Europäesch Unioun a wéi soll Lëtzebuerg sech géigeniwwer de Flüchtlinge verhalen? Dat war d'Thema vun der Diskussioun mat der DP-Integratiounsministesch Corinne Cahen, dem ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dem gréngen Europadeputéierte Claude Turmes an dem Affekot Fränk Wies

20150926-Turmes-Cahen-Wies-Kartheiser-1000494.jpg
v.l.n.r.: Claude Turmes, Corinne Cahen, Fränk Wies, Fernand Kartheiser

Provisoresche Quotesystem: Luef a Kritik

D’EU huet laang gebraucht fir op d’Flüchtlingssituatioun ze reagéieren, mee lo ass awer séier Neel mat Käpp gemaach ginn. Dat sot de gréngen Europadeputéierte Claude Turmes eiser Emissioun Riicht Eraus. An nëmmen dräi Woche wier d’Propose vun der EU-Kommissioun ugeholl ginn, fir 120.000 Flüchtlingen aus haaptsächlech aus Griicheland an Italien op aner Memberstaten ze verdeelen.

Wann et ëm Mënsche geet, wier et nie ideal vu Quoten ze schwätzen, sou den Affekot a Member vum Flüchtlingsrot Fränk Wies. Mee déi aktuell Léisung wier besser wéi den Dublin-Accord (dee virgesäit, dass d’Asylprozedur an deem Land gemaach gëtt, wou e Flüchtling als éischt an der EU ukënnt). Och wann d’EU-Kommissioun wéilt un deem System festhalen, wier Dublin a sengen Aen "dout".

Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser huet déi aktuell Quoteregelung kritiséiert, besonnesch well Ungarn, Rumänien, d’Tschechesch Republik an d’Slowakesch Republik iwwerstëmmt goufen. Dës Länner hätte während der Sowjetunioun ënner Moskau gelidde wéilten net "vu Bréissel oder Däitschland diktéiert kréien", wéi eng Politik se ze maachen hunn. D’DP-Integratiounsministesch Corinne Cahen huet dorobber geäntwert d’Memberschaft géif net just Rechter, mee och Flichte mat sech bréngen.

Kloerstellung zum private Flüchtlingsaccueil

D’Corinne Cahen huet dorobber reagéiert, datt d’ADR an engem rezente Positiounspabeier dervu geschwat huet, dass Privatleit kéinten derzou gezwonge gi Flüchtlingen opzehuelen. Esou eppes hätt d’Regierung ni proposéiert, sou d’Integratiounsministesch. Jidderee wier fräi dat ze maachen, dofir wier kee legale Kader néideg. Et sollt een sech awer am Virfeld méiglechst gutt informéieren an preparéieren. D’Regierung wëll an den nächsten Deeg och eng Hotline a Betrib huelen, wou Leit déi Froen zum Accueil vu Flüchtlingen hunn, sech kënne mellen.

D'ADR hätt de Leit wëllen Angscht maachen, sot séngersäits de Claude Turmes. De Fernand Kartheiser huet sech verdeedegt: Et wier d'Recht vun der Oppositioun fir eng Kloerstellung vun der Regierung ze fuerderen.

Perséinlech Erfahrungen

Ugefaang huet d’Emissioun mat deem méi perséinleche Bezuch, deen d’Invitéeën zur Thematik vun der Flucht hunn. De Fernand Kartheiser sot, dass hien opgrond vu senge Visiten an enger Rei Krisegebidder kéint novollzéie firwat se flüchten. Natierlech misst een de Leit hëllefen. Mee "wéi hëllefen?", dat wier déi komplizéiert Fro.

D’Corinne Cahen huet erkläert, datt vill Leit an hirer Famill am Zweete Weltkrich hu misse flüchten. Opgrond dovunner kéint si gutt no empfannen, a wéi enger Angscht d’Flüchtlinge liewen. De Claude Turmes huet an de 90er Joeren eng Flüchtlingsfamill a sengem Haus opgeholl, déi hätt sollen zréck geschéckt ginn, obwuel se an hirer Heemechtsstad Sarajevo a Gefor gewiescht wier. Dat hätt kënne verhënnert ginn an d'Famill hätt sech ee Liewen zu Lëtzebuerg opgebaut.

De Fränk Wies vertrëtt als Affekot regelméisseg Flüchtlingen, déi Problemer bei hirer Asylprozedur begéinen. Idealistesch gesinn, bréicht et a sengen Ae keng Grenzen, an d’Flüchtlinge wieren am Fong alleguerte "Leit, déi ënner Grenze leiden".

Audio:

De "Riicht Eraus" iwwer Flüchtlingspolitik, moderéiert vum Pia Oppel:

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Pia Oppel
Lauschteren

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen