Riicht Eraus: Justin Turpel

Den Deputéierte vun déi Lénk spuert net mat Kritik un deene Gréngen an der LSAP. Béid Parteie stéingen ënnert der Iwwermuecht vun de liberale Kräften an der Regierung.

Mick Entringer

Justin Turpel.JPG

Et gëtt awer en Echange iwwert Luxleaks an der Chamber. D’Conférence des Présidents vun der Chamber huet seng Interpellatioun un d’Regierung iwwert Luxleaks ugeholl, sot eis de Justin Turpel an der Emissioun Riicht Eraus. Am November haten d’Fraktiounscheffen d’Ufro vun déi Lénk fir eng Chamberdebatt refuséiert.

Déi Gréng missten e Choix maachen, op se bannent der ablacklecher Regierung, weiderhin déi neoliberal Politik vun der DP blann suivéiere wëllen. Dat selwecht géif fir d’LSAP gëllen, esou de lénken Deputéierten. Firwat datt d’Sozialisten an déi Gréng der Koalitioun net eng méi lénks Gewiichtung ginn erklärt de Justin Turpel mat der Iwwermuecht vun liberale Kräften an der Regierung. Dernieft huet de Justin Turpel déi Gréng staark kritiséiert, wéinst der, a sengen Aen, katastrofaler Ëmweltpolitik vun der Koalitioun.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / /
Lauschteren

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

  • Trendscheif

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen