Riicht Eraus: Michel Wurth, Direktiounsmember vun ArcelorMittal
De Michel Wurth huet ze verstoe ginn, datt ArcelorMittal Enn vum Joer decidéiert d’Stolwierk zu Schëffleng zouzemaachen. “D’Chancen, datt d’Fabrik nach eng Kéier opgeet si ganz ganz kleng wann net Null”, sot den Direktiounsmember vum weltwäit gréisste Stolkonzern hei op der Antenn. Et wéilt een ofwaarde bis d’Betribsgenehmegung ausleeft. Géif elo schonn en definitiivt Enn decidéiert ginn, da misst eng onnéideg Prozedur fir d’Fermeture vum Site gemaach ginn. D’Areal tëscht Esch a Schëffleng huet e grousst Potential fir et am Interessi vun der Allgemengheet a vun ArcelorMittal anescht ze notzen, esou de Michel Wurth.
Zu Rodange wéilt de Stolkonzern wa méiglech iwwer 2014 eraus produzéieren, an zu Déifferdeng a Belval soll investéiert ginn. De Michel Wurth hält den nächste Freideg op als Direktiounsmember vum Stolkonzern. Hie bleift awer President vun ArcelorMittal Lëtzebuerg.
Den éischten Deel vu "Riicht Eraus". Moderatioun Jean-Claude Franck:
Den zweeten Deel: