Riicht Eraus: Pierre Gramegna

Nodeems d’EU-Kommissioun sämtlech 28 Memberlänner opgefuerdert huet, Detailer zu eventuelle Steier-Rulinge fir grouss Entreprisë matzedeelen, hätt Lëtzebuerg kee politescht Argument méi gehat fir déi Informatiounen net op Bréissel ze schécken. Dat sot de Finanzminister an der Emissioun Riicht Eraus. De Pierre Gramegna huet sech zouversiichtlech gewisen, datt déi aner Länner déi Informatiounen och effektiv wëlle liwweren.

DSCF3633

Och wann d’Ruling-Prozedur réischt elo gesetzlech verankert gëtt, wier de System ni aus dem Rudder gelaf, esou de Finanzminister. De Pierre Gramegna ass awer och der Meenung, datt Lëtzebuerg säi Geschäftsmodell zu engem Deel muss iwwerdenken: Amplaz, dass e just “eng Gesellschaftsform huet mat zwee Leit, déi d’Comptabilitéit maachen” sollten dës Sociétéite reell wirtschaftlech Aktivitéiten hei am Land hunn, wéi Risk Management, Tresorerie, oder Gestioun vun informateschen Donnéeën.

Zur geplangter Steierreform sot de Pierre Gramegna, hie wéisst nach net wéi grouss de Konsens an der blo-rout-grénger Koalitioun wier. Wéineg Spillraum gesäit den DP-Minister bei enger méi staarker Besteierung vu Betriber a vu Kapitalrevenuen. Eng Ierfschaftssteier géif et mat der DP sécher net ginn. Kloer wier awer, datt eng Reform vun der Grondsteier erwënscht ass.

Thema an der Emissioun war och den neien Investitiounsfong vun der EU-Kommissioun. Lëtzebuerg kandidéiert mat 35 Projeten, dorënner den Tram. Dee Projet géif misst ee Public-Private-Partnership ginn, wann wéi vun der EU erwënscht ee privaten Investisseur mat an d'Boot klëmmt.

Ob hien 2018 eng éischte Kéier mat an d’Wahle geet, wollt de Pierre Gramegna nach net verroden. Zur Fro, ob déi Decisioun vu besseren Ëmfrowäerter fir d’DP ofhänken, sot de fréiere Generaldirekter vun der Chambre de Commerce just: wann d’Reforme vun der Regierung bis hir Wierkung weisen, géifen d’Sondagen sech och verbesseren.

Déi ganz Emissioun, moderéiert vum Pia Oppel:

Programm

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen