Radioen

On air

Resonanzen  |  Rhapsody net nëmmen 'in blue'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Roaming - déi lescht Grenz an Europa?

Europa

Roaming - déi lescht Grenz an Europa?

An Holland huet T-mobile d’Roamingkäschte schonn ofgeschaaft, ier dat an der ganzer EU de Fall ass. Et ass also fir en hollännesche Client elo scho méiglech an der ganzer EU ze telefonéieren a mobil ze surfen ouni datt dat grouss Méikäschte mat sech bréngt. Dat gëtt en neit positiivt europäescht Gefill, mengt eis Holland-Korrespondentin Claudia Hansen.

auto_stories

3 min

Claudia Hansen

Zéng Joer laang huet sech d’Viviane Reding zu Bréissel dofir agesat, datt de Roaming an Europa géif verschwannen. Datt et dëst Joer endlech esou wäit wier, war gewosst. Mee wat dat géif bedeiten, ass mir elo eréischt kloer ginn.

Ech ka mech nach vague drun erënneren, datt et Grenzkontrolle gouf wéi ech kleng war. Mee dëst ass esou laang hir, an esou wäit ewech vun deem haitegen Europa, datt et scho bal ewéi eng Anekdot kléngt. Meng Generatioun ass mat der Iddi opgewuess, datt mir fräi an Europa däerfe reesen, datt mir däerfe schaffen a liewen am deem Land wou mir wëllen, datt mir all zesumme gehéieren an dass all Mënschen an Europa d'selwecht sinn.

Den Handy diktéiert d'Doheem

Duerch dës Grondiddie si Familljen- a Frëndeskreesser a kuerzer Zäit duerch ganz Europa entstanen. Mee obwuel mir eis fräi däerfe beweegen, gouf et awer nach eng Grenz, déi een net gesäit. Den Handy huet bis elo nach ëmmer diktéiert wou mir doheem a wou mir am Ausland sinn.

Op deen éischte Bléck schéngt et iwwerflächlech, datt den Handy beaflosst ob ee sech doheem fillt oder net. Et schéngt och traureg, datt een Apparat sou e groussen Impakt op esou ee grondleeënd Gefill kann hunn. Mee et ass nun eemol esou, datt déi meescht Kommunikatioun haut iwwer den Handy verleeft a virun allem iwwer den Internet um Handy. Dëst erméiglecht eis fir eis Gedanken zu all Moment mat deenen, déi eis wichteg sinn, kënnen ze deelen.

Et ass e Privileg ginn, datt et keng geografesch Restriktioune méi ginn. Dës Fräiheet ass awer och esou ee groussen Deel vum Alldag ginn, datt et engem déif bewosst ass, datt een heivun ausgeschloss ass wann een iwwer d’Grenze vum Land vu sengem eegene Provider fiert. Virun allem fir déi, déi sech a méi wéi engem Land an Europa doheem fillen, ass dëst e komescht Gefill, well den Handy een zwéngt ze definéieren a wat fir engem Land ee sech am meeschten doheem fillt.

EU brauch Gefill vun Eenheet

Et sief iwwerdriwwe sinn, mee wou ech op de Knäppche gedréckt hunn a mäin neie Kontrakt an der Täsch hat, hunn ech laang iwwer Europa nogeduecht. 2017 huet sech agereit an di grouss Joren, an deenen Europa ëmmer méi d’Grenzen tëscht senge Matbierger opgemaach huet. Stéck fir Stéck sinn d'Grenzen ëmmer méi subtil ginn: vun der Mauer 1989, zu de Barrièren 1995, bis zu de Sendemaster 2017. Dëst Joer si mer also erëm e Stéck méi no beienee geréckelt.

Europa brauch dat. Europa brauch d'Gefill vu senge Bierger, datt mir all zesumme gehéieren, an datt mir eng grouss Eenheet sinn. Et brauch d'Gefill, datt mir zesumme méi wäit kommen, an datt eist Liewe beräichert gëtt doduerch datt mir mat eisen Noperen Eent sinn. D'EU huet vill Macken, an et gëtt vill ze verbesseren. Mee d'EU huet eis awer virun allem eng Fräiheet ginn, déi sech vill Generatioune virun eis an nach vill Natiounen hautdesdaags géife wënschen.