Radioen

On air

Notturno  |  Maybel - Long Road Ahead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Robert Harmsen: "Aucune preuve de fraude"

US-Walen

Robert Harmsen: "Aucune preuve de fraude"

D'Aussoe vum Donald Trump a senge Supporter, dës Wale wieren "truquéiert" wéinst de ville Leit, déi virum eigentleche Waldag gewielt hunn, wieren net fondéiert, seet de Robert Harmsen. De gebiertege Kanadier ass Politikwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg. De Robert Harmsen seet och, et misst ee sech méiglecherweis op wochelaang Rechtssträiter iwwer d'Resulater vun dëse Walen astellen - ähnlech wéi dat schonn am Joer 2000 de Fall war.

auto_stories

3 min

Den Donald Trump sot de Moien eiser Zäit an engem éischte Statement, hie wéilt dat Iewescht Geriicht, d'Supreme Court, aschalten fir d'Ausziele vun de Stëmme vun dëse Walen ze stoppen. D'Staaten am Mëttlere Weste wäerten dës Kéier eng entscheedend Roll spillen, esou den Expert. An deemno wéi "just" ee Resultat am Pennsylvania, zum Beispill, ausfält - kéint dat ugefecht ginn, esou seng Aschätzung. Fir dem Donald Trump seng Aussoe géif et keng Beweiser ginn, esou de Robert Harmsen.

"Evidemment, c'est absolument sans précédent pour un président en exercice aux Etats-Unis de mettre en question un processus électoral. Certainement cette année on a voté autrement cette année à cause de la pandémie. Et il y avait plus de 100 millions de votes émis en avance, soit par voie postale, soit em présentiel, mais émis avant le jour même du scrutin. Mais là on a vraiment aucune évidence, aucune preuve de fraude,. C'est un processus qui s'est déroulé d'ailleurs comme le processus habituel."

International Relatioune kéinte sech an Zukunft weider verschlechteren

Déi ganz Welt kuckt haut op d'USA nodeems do ronn 240 Millioune Wieler hir Stëmm ofginn hunn. Nach ass onkloer wéi d'Rennen ëm d'Wäisst Haus ausgeet an ob den Donald Trump President ka bleiwen oder vu sengem Erausfuerderer Joe Biden ofgeléist gëtt. Sécher ass: an de leschte véier Joer hunn déi international Bezéiungen staark ënner dem republikanesche President gelidden. Ob et ëm den Nuklear-Accord mam Iran geet oder d'Klima-Ofkommes vu Paräis. Den Donald Trump huet vill Relatiounen op d'Spill gesat.

Kéinten dës Relatioune sech weider verschlechteren, wann den Donald Trump d'Wale géif gewannen? Jo, mengt den Expert Robert Harmsen, et wier och onwarscheinlech, datt den Trump an enger eventueller zweeter Amtszäit méi disziplinéiert géif virgoen.

"On a maintenant une diplomatie qui est un peu 'casser pour casser', qui est largement dictée par ses besoins électoraux, par ses besoins politiques à l'intérieur et là on a vu une nette érosion de l'engagement américain à participer dans les structures multilatérales: l'OTAN, l'ONU, l'OMS, etc. Et malheureusement, j'ai l'impression que si Trump est réélu que cela va s'empirer au cours d'un deuxième mandat."

Den Joe Biden kéint vill Decisioune vum Donald Trump zeréckhuelen

Am Fall wou de fréiere Vizerpesident Joe Biden géif gewannen, kéint dëse verschidden Decisioune vum Donald Trump réckgängeg maachen. E kloert Reengagement vun den USA an der NATO wier ee Beispill, genee wéi e Reengagemenet an der Weltgesondheetsorganisatioun an am Paräisser Klimaaccord. Fir déi US-amerikanesch Credibilitéit awer nees ganz hierzestellen géif et méi Zäit brauchen, Esou de Robert Harmsen, Politikwëssenschaftler op der Uni Lëtzebuerg.