Steierpolitik Zweiwel un der Nohaltegkeet vun den Nichen

D'Erofsetze vun der Verméigenssteier vun 0,5 op 0,05 Prozent fir Konzerner mat engem Patrimoine vun iwwer 500 Milliounen Euro, passt fir de Robert Urbé net an d'Bild vun der Steiergerechtegkeet. Vun där Politik hätt de Staat um Enn och wéineg, fënnt de Caritas-Spriecher.

Pia Oppel

Robert Urbé.jpg

Fir de Robert Urbé ass kloer, dass d'Regierung multinational Konzerner a räich Leit wëll op Lëtzebuerg lackelen. Mee a sengen Aen gëtt de Spillraum fir esou eng Nichëpolitik ëmmer méi kleng. Lëtzebuerg misst sech drop astellen, dass de Liewensniveau un dee vun de Nopeschlänner ugepasst gëtt. Et misst ee sech domadder offannen, "dass et kee Grond gëtt, firwat datt mir Lëtzebuerger vum Herrgott sou solle bevirdeelegt gi vis-à-vis vun eisen Noperen."

2016: Steiererliichterunge fir wien?

Dëst Joer wieren d'Leit mat enger "asozialer" TVA-Hausse an der Zousaz-Steier vu 0,5 Prozent belaascht ginn, bedauert de Robert Urbé. Anescht wéi vun der Regierung annoncéiert, wier déi Steier net temporär: Aus dem pluri-annuelle Budget géif ervir goen, dass se nach bis 2018 soll erhuewe ginn.

Wann d'Regierung elo am Kader vun der grousser Steierreform effektiv wéilt op gréisser Steierentlaaschtunge setzen, da missten dovunner an éischter Linn d'Leit mat klengem Akommes profitéieren. Iwwer de Wee vun den direkte Steiere wier do awer wéineg ze maachen. Do misst een dann iwwer eng negativ Steier nodenken.

D'Mëttelschicht entlaaschten hält de Robert Urbé net fir prioritär. Am Géigendeel misst op d'mannst deen ieweschten Deel vun der Mëttelschicht éischter nach méi staark dozou bäidroen, datt de Staat seng Ausgabe kann decken.

Sozialpolitik ouni Konzept

D'Sozialpolitik vun der Regierung hält de Robert Urbé nach ëmmer fir "konzeptlos", sou wéi hien dat ugangs des Joers kritiséiert hat. Wa sech aus de Mesuren, déi ergraff goufen, awer ee Gesamtbild géif erginn, da wier dat éischter negativ.

D'Caritas hält ënnert anerem déi geplangte Reform vum Kannergeld fir problematesch, well se een negativen Impakt op Famillje mat méi Kanner kéint hunn. Dës Stéit wieren am Verglach vill méi staark dem Aarmutsrisiko ausgesat. D'Regierung misst heirobber ënnert anerem mat enger Reform vum garantéierte Minimal-Revenu (RMG) reagéieren. Dat wier am Koalitiounsaccord och versprach ginn, erënnert de Robert Urbé.

De Caritas-Spriecher proposéiert och, dass de Statec méi Personal am Beräich vun de Sozialstatistike kritt. Den Ament géifen d'Chiffre fehlen, op deenen eng iwwerluete Kannergeldreform oder aner sozialpolitesch Mesurë misste baséieren.

Manner Engagement fir Flüchtlingen

D'Medienopmierksamkeet fir d'Flüchtlingen, déi op Lëtzebuerg kommen, huet an de leschte Wochen nees ofgeholl. Et géife sech elo och manner Leit mellen, fir eng Hand mat unzepaken, seet de Robert Urbé. Dee Réckgang hätt och eppes dermat ze dinn, dass déi vill Benevolen ugangs gesot kruten, et wier net genuch fir si ze dinn. Den Engagement vun der Zivilgesellschaft wier awer wichteg, och fir eng laanfristeg Integratioun vun de Flüchtlingen z'erméiglechen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Pia Oppel
Lauschteren

Méi zum Thema

elvinger-wagener.jpg
Sträit ëm Minimalbesteierung vu Grousskonzerner

D'Besteierung vu Grousskonzerner misst am Kader vun der Steierreform diskutéiert ginn (David Wagner, Déi Lénk). Et sollt sech am leschte Moment mat EU-Recht konform gesat ginn (Joëlle Elvinger, DP).

steieren suen.jpg Exklusiv
Steierrefom

Nom Referendum vum 7. Juni an de schlechte Sondagë ass quasi just nach iwwer Steiererliichterungen diskutéiert ginn, soe gutt informéiert Sourcen. D'Steierreform gëtt also vun der Regierung als Moyen gesinn, fir sech bei der Wielerschaft nees méi beléift ze maachen.

family, children, money, investments and people concept - close up of father and daughter hands holding euro money coins
Familljepolitik

Anescht wéi geplangt kann d'Reform vum Kannergeld wahrscheinlech net matzäite gestëmmt gi fir kënnen den éischte Januar a Kraaft ze trieden. Dofir feelt nach den Avis vum Staatsrot, sot eis d'Familljeministesch Corinne Cahen op Nofro hinn.

Programm

Dossieren

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Dateschutz

    De 25. Mee trëtt an der EU en neit Dateschutzreglement a Kraaft. Wat bedeit dat fir d'Bierger an d'Betriber? A wat ännert wierklech? Detailer an eisem Themeschwéierpunkt.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen