Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Robyn - Missing U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Traditionnell Banquieren orientéiere sech nei

Bankeplaz

Traditionnell Banquieren orientéiere sech nei

Den Emploi am Bankesecteur ass amgaang sech staark ze veränneren. Dat muss awer net onbedéngt eppes Schlechtes heeschen, soen d'Gewerkschaftler Véronique Eischen (OGBL) a Roberto Scolati (ALEBA).

auto_stories

5 min

D'Véronique Eischen, Gewerkschaftssekretärin beim OGBL

Datt d'Commerzbank zu Lëtzebuerg 90 Aarbechtsplaze wëll ofbauen, heescht net, datt déi däitsch Bank Lëtzebuerg ganz verléisst – dat seet de President vun der Bankegewerkschaft ALEBA, Roberto Scolati. "Mir hu keng Hiwäiser an déi Richtung". Den Ofbau hätt intern Grënn – d'Fro ob et ee Lien mam Ofschafe vum Bankgeheimnis wier schwéier ze beäntweren, seet ​hirersäits d'Véronique Eischen vum OGBL am Interview beim Rick Mertens.

Et kéint een och net sou einfach soe wéi vill Plazen iwwerhaapt zanter der Ofschafung vum Bankgeheimnis Ufank 2015 ewechgefall sinn, mengen déi zwee Gewerkschaftler. De Statec hat mat engm Ofbau vun 2000 Plaze gerechent.

"An de nächste Joeren vill ze dinn"

Dat kann de Roberto Scolati weder confirméieren nach dementéieren. "Mir hunn zënterhier keng Zuele kritt. Et ass awer ze bemierken, datt ganz vill Banken sech gutt dorop virbereet haten an hier Leit mutéiert hunn, sou datt do keng Plazen ofgeschaf goufen", sou den ALEABA-President. De Roberto Scolati niéiert awer net, datt Plaze verschwonn sinn, seet awer: "déi fënnt een an der Fongenindustrie erëm".

D’Lëtzebuerger Finanzplaz wier zwar amgaang sech weider z'entwéckelen: Vill traditionell Banquiere géingen sech doduerch nei orientéieren an aner Beruffer iwwerhuelen, déi mat der Finanzplaz zesummenhänken – zum Beispill am Beräich vun de neien Technologien.

"D'Leit gesinn, datt d'Bankeplaz net stoe bleift"

Am Sozialplang vun der Commerzbank ass ee Budget virgesinn, fir déi weiderzeforméieren, déi hier Aarbecht verléieren. "D'Leit kënne wielen: entweder si forméieren sech ëm fir weider op der Bankeplaz kënnen ze schaffen oder si realiséieren hiren eegene Projet a maachen sech selbstänneg", erkläert de Robert Scolati. "D'Leit gesinn, datt d'Bankeplaz net stoe bleift a si sinn och bereet, déi Erausfuerderung unzehuelen".

De Roberto Scolati, President vun der ALEBA

Esou eng Erausfuerderung wier de Beräich vun den digitale Produiten am FinTech, sou d'Véronique Eischen. Kloer wier awer generell, datt all Erausfuerderung och eng Chance wier, fir nei Aarbechtsplazen op der Finanzplaz ze kreéieren.

Neie Kollektivvertrag: Gewerkschaften diskutéieren nach

De Kollektivvertrag fir d’Banke leeft Enn vum dësem Joer aus. D'Gewerkschaften aus dem Secteur sinn sech nach net eenz, wei eng Fuerderungen si an de Verhandlungen iwwert e neie Kollektivvertrag wëlle stellen. Zesumme wëlle si an deenen nächste Wochen eng gemeinsam Positioun aushandelen, éier mam Patronat verhandelt gëtt, sou d'Véronique Eischen vun OGBL an de Roberto Scolati vun der ABBL am Interview beim Rick Mertens.

Vill Salariéeën op der Finanzplaz géifen iwwerdeems net méi ënnert e Kollektivvertrag falen, esou d’Véronique Eischen vum OGBL. Vill Leit, déi hir Plaz op der Bank verléieren, géifen nämlech an aner Beruffer wiesselen, déi nëmme mat der Finanzplaz zesummenhänken. Et wär dofir e “grousse Challenge” och e Kollektivvertrag fir des Beruffer auszeschaffen. Des Beméiunge wär awer bis elo net gutt virukomm, well net kloer wär wien d’Entreprisen an dësem Beräich giff vertrieden, esou d’Véronique Eischen.