Rockhal am Viséier vum Konkurrenzrot

En Expert soll d’Comptabilitéit vun der Rockhal ënner d’Lupp huele fir ze kucken ob de Concert’s-Sall zu Esch géint d’Konkurrenz-Recht verstéisst. Dat huet de lëtzebuerger "Conseil de la concurrence" an enger Décisioun vum 8. Oktober decidéiert, nodeems zwou Gesellschaften, Abraxas an den Atelier, Plainte agereecht haten.

Well d’Comptabilitéit vun der Rockhal net präzis genuch ass, kann de Conseil sech net festleeën, ob den Etablissement public illegal Praïss-Praktike bedreift, esouwuel bei der Organisatioun vu Concerten, wéi och der Locatioun vum grousse Concerts-Sall. De Conseil werft der Rockhal e Manktem un Zesummenaarbecht vir. Zum Beispill géif d’Rockhal refuséieren de Reservatiounssystem vum grousse Sall méi transparent ze maachen. Wat drop hindeite kéint, dass den Etablissement public sech iwwert dee Wee en Avantage verschafe wéilt par rapport zu private Promoteuren.

Weider bedauert de Conseil och den Toun vun de Vertrieder vun der Rockhal. De "Conseil de la Concurrence" kënnegt och Moossnahmen un, falls Infraktioune géint d’Konkurrenz-Recht festgestallt ginn.

D’Rockhal kéint wéinst de Staatshëllefe Concerten à perte organiséieren, esou de Virworf vun de Plaignants, an esou d’Präisser um Marché kontrolléieren.

Op Nofro hin krute mer vun der fréierer Presidentin vum Verwaltungsrot, Josée Hansen gesot, si kéint keng Stellung dozou huelen, well hiert Mandat, an och dat vun all deenen anere Memberen, de 15. Oktober dëst Joer ofgelaf ass. D’Décisioun vum "Conseil de la Concurrence" gouf iwwregens een Dag drop, de 16. Oktober op sengem Internet-Site publizéiert.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen