Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ee volatille Stolmaart

Arcelor Mittal

Ee volatille Stolmaart

De Stolsecteur ass net méi an der Kris, mee ganz volatil, seet den neie Generaldirekter vu ArcelorMittal Lëtzebuerg Roland Bastian. Déi nächst Reunioun vun der Stoltripartite am Mäerz kéint schwiereg ginn.

auto_stories

2 min

De Roland Bastian ass neie Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg

De weltwäite Produktiounsvolume vum Stol huet sech zanter zwee Joer bei 1,6 Milliarden Tonnen d'Joer stabiliséiert. Aktuell bestinn awer nach 30 Prozent Iwwercapacitéiten, erkläert de Roland Bastian. Dat wär ee vun de fundamentale Problemer vun der Stolindustrie - och wa sech de Marché no den Anti-Dumping Stroftaxe vun der EU op chinesesche Stolimporter deels entspaant hätt.

Eleng China hätt 300 Milliounen Tonne Stol Iwwercapacitéiten - dat entsprécht dem Roland Bastian no der integraler Produktiounscapacitéit vun Europa. Derbäi kéim, datt d'Präisser vun de Réimaterialen, virop der Kuel, staark geklomme wären. Dat géing och op d'Margë vum Grupp drécken.

Zukunft fir Lëtzebuerger Sitten

Dem strategesche Plang bis 2021 vun ArcelorMittal no, soll an den nächste Jore keng vun de verbleiwende Lëtzebuerger Schmelzen (Belval, Déifferdeng a Rodange) zoumaachen. Duerch Investitiounen an Innovatioun an de leschte Joren hätt de Stolkonzern sech op de Lëtzebuerger Sitten a Spëtzeproduiten etabléiert, seet Roland Bastian. De Grupp géing vill Wäert op Innovatioun leeën, fir dat weider ze dreiwen. Dat wär deen eenzege Moyen, fir dem volatille Stolmaart entgéint ze wierken a kompetitiv ze bleiwen.

Virun zéng Joer hat de Grupp eng Scholdelaascht vun 30 Milliarden Euro, am drëtten Trimester 2016 louch de Scholdestand bei just nach 12 Milliarden, erkläert de Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg. Dat wär e remarkabelt Resultat.

Sträitpunkt "Cellule de reclassement"

Well ArcelorMittal keng Sureffektiver beim Personal méi hätt, wëll de Konzern "d’Préretraite ajustement" ofschafen. Aktuell schaffe 4.100 Salariéë fir de Grupp, dovunner ee Véierel an der Administratioun. D'Préretraite ajustement ass aktuell en Thema an de Verhandlunge fir de Suivi vum Accord Lux2016, deen Enn d’läscht Joer ausgelaf ass. Am Mäerz ass dozou eng Stoltripartite geplangt. D'Sozialpartner schaffen aktuell zesummen hir Positiounen aus.

E Sträitpunkt kéint derbäi d’Zukunft vun der "Cellule de reclassement" (CDR) ginn. Déi 200 Persounen, déi aktuell an der struktureller CDR sinn, wëll de Grupp bäibehalen an auslafe loossen. Well ArcelorMittal eegenen Aussoen no net méi an der Kris ass, plangt de Grupp, fir déi konjunkturell CDR ofzeschaafen. Et wéilt een an de System vum "Droit commun" wiesselen. "Sou wéi all Betrib, deen zu gewëssene Momenter chômage technique beim Konjunkturcomité ufreet, wa seng Installatiounen net ausgelaascht sinn", erkläert de Roland Bastian.