Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Angélica Garcia - Color De Dolor

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Flüchtlingskris: Defi fir d'Mënscherechter

Riicht Eraus

Flüchtlingskris: Defi fir d'Mënscherechter

Fir de Romain Schneider ass déi humanitär Hëllef d'Prioritéit an der aktueller Flüchtlingskris. A "Riicht Eraus" huet de Minister fir Cooperatioun, Sécurité sociale a Sport och eng méiglech Verbesserung vum Remboursement vun Zänndokteschkäschten a Brëller ugekënnegt. An hien huet en Opruff gemaach un d'Sportsclibb.

Carole Schimmer

auto_stories

4 min

Fleegeversecherung: D'Cellule d’évaluatioun kritt méi Personal a méi Mëttel, sou de Romain Schneider

Ee Méindeg ass zu Bréissel een Treffen tëscht der Tierkei an der EU iwwer d’Roll vun der Tierkei an der Flüchtlingskris. 2,7 Millioune Réfugiéë liewen an der Tierkei, dovun zéng Prozent a Flüchtlingscampen.

Iwwerdeems gouf dëse Freideg den Owend déi regierungskritesch Zeitung “Zaman” vun der Police gestiermt. International ass d'Kritik un där Operatioun grouss. Ouni dat direkt ze condamnéieren, sot de Cooperatiounsminister datt déi Lëtzebuerger Entwécklungspolitik sech nieft den traditionelle Beräicher ewéi d’Gesondheet an d’Educatioun och op d’Gouvernance konzentréiert. Wat déi aktuell Situatioun an der Tierkei ugeet, sou misst ee Prioritéiten an de Verhandlunge setzen, ouni de Respekt vun de Mënscherechter ze vergiessen. Déi wieren eng Prioritéit an der ganzer Flüchtlingskris, mee och een Defi.

Screening vum Kompensatiounsfong

No der Klimakonferenz vu Paräis huet de Kooperatiounsminister Romain Schneider den Optrag ginn, ee Screening ze maache vun den Investitiounen déi de Fonds de compensation mat de Pensiounsreserve mécht.

Déi Investitioune missten och d’Kritäre vum Accord iwwert de Klimaschutz respektéieren, sot de Romain Schneider, dëst am Sënn vun de 17 Objektiver déi d’UNO am Programm fir eng nohalteg Entwécklung festgehalen huet.

Fleegeversécherung: méi Mëttel fir d'Cellule d'évaluation

An de nächste Woche wëllt de Romain Schneider, deen och fir d’Sécurité sociale zoustänneg ass, de Gesetzprojet zur Reform vun der Fleegeversécherung fäerdeg ausschaffen. Déi Reform soll den 1. Januar 2017 a Kraaft trieden.

D’Kärstéck vun där Reform ass d’Aféiere vun engem System mat Forfaiten op 15 Niveauen, deen déi individuell Besoine vun de Leit berücksichtege soll, grad wéi eng gewësse Flexibilitéit méiglech soll maachen. Déi Flexibilitéit wier néideg am Fall wou de Gesondheetszoustand vun engem Beneficiaire sech séier degradéiert an de Fleegeprogram muss adaptéiert ginn. An deem Sënn kritt d’Cellule d’évaluatioun vun der Assurance dépendance méi Personal a méi Mëttel. Déi Cellule kritt eng eegestänneg Verwaltung.

Méi Transparenz fir Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer

An de läschte Méint hunn d’Gewerkschaften eng Hausse vun de Pensiounspräisser an den Alters- a Fleegeheimer denoncéiert. Do wëllt de Sozialminister Romain Schneider méi Transparenz an der Tarifikatioun schafen. D’Fleegeheimer sollen hir Käschten a Servicer genee oplëschten. Deen Ament kéint een novollzéien ob eng Hausse vun de Präisser berechtegt ass oder net, sou de Romain Schneider.

Leit déi hire Pensiounspräis net kenne finanzéieren, kréien ewéi bis elo eng finanziell Ënnerstëtzung vum FNS, dem nationale Solidaritéitsfong. Am Gesetz vun 2004 iwwert de FNS, misst een awer eventuell drun denke fir de Plafonnement vun de Finanzhëllefen z’iwwerschaffen, esou de Sozialminister. Fir dee Fong wier awer d’Familljeministesch zoustänneg.

Méi Remboursement fir Zänndokter a Brëller?

D’Reserve vun der Gesondheetskeess sinn héich. Dat erklärt sech duerch d’Reformen déi ëmgesat goufen, an duerch den Aarbechtsmaart dee gewuess ass, sou de Minister fir déi sozial Sécherheet.

Am Abrëll wëllt de Romain Schneider dowéinst an der Quadripartite eng Diskussioun iwwert eng Verbesserung vun de Remboursementer bei den Zänndokteschdepensen a bei de Brëller ustoussen.

Fussball: "Am Senioreberäich aner Weeër goen"

Ugeschwat op déi aktuell finanziell Problemer beim Stater Racing, ënnert där d'Jugendaarbecht an Zukunft do staark kéint leiden, sot de Romain Schneider, d'Jugendaarbecht vun de Sportsclibb misst weider ënnerstëtzt ginn. "D'Moyene mussen do sinn, a souwuel vun der Veräiner zu Verfügung gestallt ginn, wéi och vum Staat, an dat maache mer", sou de Sportminister.

Hei géif awer och eng aner Problematik eraspillen, nämlech déi wéi d'Veräiner mam Beräich vun de Senioren ëmginn. "Ech mengen de gréissten Deel vum Budget vun de Sportsclibb geet net an d'Jugendaarbecht, mee an de Senioreberäich", sou de Romain Schneider. D'Veräiner missten sech alleguer mol eng Kéier iwwerleeën, wéi ee sech am Seniorsberäich opstellt.

D’Fussballsclibb missten an Zukunft, zum Beispill, manner Geld ausgi fir Spiller am Seniorberäich anzekafen. Vläit missten och rëm eng Kéier rëm Championater kënne spillen, ouni datt deier Spiller mussen akaaft ginn, esou de Romain Schneider.